Iwwert mech

Wien ass de Bichergeck?

Jessica Mersch, Buch-Bloggerin.
Foto: Gerry Huberty

Numm: Jessica Mersch
Gebuertsdag: 19.09.1983
Liiblingsfaarw: gréng
Liiblingsmusek: quuesch duerch de Gaart, dat hänkt vun der Laun of
Liiblingszitat: Alle glücklichen Familien gleichen einander, jede unglückliche Familie ist auf ihre eigene Weise unglücklich. (Leo Tolstoi)
Wat ech net liesen: Reklammen a Kachbicher

Dat éischt Buch, wat ech bewosst gelies hunn:
Hanni und Nanni (Enid Blyton)

Dat Buch, wat mech duerch meng Jugend begleed huet:
Anna Karenina (Leo Tolstoi)
Les misérables (Victor Hugo)

Dat Buch, wat ech am meeschte gelies hunn:
Oscar et la dame rose (Eric Emmanuel Schmitt)

Dat Buch, wat mir am wichtegsten ass:
Mein bester letzter Sommer (Anne Freytag)

Dat Buch, virun deem ech groussen Respekt hunn:
Demian (Hermann Hesse)

Dat Buch, wat ech onbedéngt nach liese wëll:
Sofies Welt (Jostein Gaarder)

Dat Buch, wat mir am meeschten Angscht gemaach huet:
Dolores (Stephen King)

Dat Buch, wat mech enttäuscht huet:
The Girl before (JP Delaney)

Dat Buch, wat ech selwer gär geschriwwen hätt:
Ons Hee-Mëscht
(Sketcher)

Wat mécht de Bichergeck?

Ech liesen a schreiwen fir mäi Liewe gär.
Schonn ëmmer.
Nodeems ech mat der lëtzebuergescher Literatur a Kontakt komm sinn, hunn ech ugefaangen meng Liesaventuren mat Iech ze deelen.
Ech stellen och ganz gären Schrëftsteller vir.
Liesen maan ech esou zimmlech alles, just mat Fantasy a Sachbicher dinn ech mech schwéier.
Ech sinn och op Facebook aktiv.
Fir moien.lu hunn ech och e puer Artikelen geschriwwen:
Zoë Beck:
Die Lieferantin
Interview

Sebastian Fitzek:
Das Paket, Pupsi und Stinki
Interview

Kass Morgan:
The 100

10 lëtzebuergesch Bicher
10 Kannerbicher

Niccolò Ammanati
Anna

Beknifa
Aquatower in love

Madeleine L’Engle
Das Zeiträtsel – Buch/Film

Marieke Nijkamp
54 Minuten

Mam Jérôme Jaminet hat ech an der Librairie Diderich mäin éischten ëffentlechen Optrëtt, dat war richteg flott!
1496477705000f82aff4d58359a150da7e8eeae377e5b8ba85424bd3e3e371b2712feb3a9d6a09400f46ebf865000cf4c46d1f7f0519850aa33a628c78deef618d9f626e9b800

An ech war live mat dobäi, wéi mir, zesummen mat anere lëtzebuergeschen Buchbegeeschterten, déi éischt Google-Hangout Buchbespriechungen ofgehalen hunn.
Et war vill lass!

FB_IMG_1518522008158

Souguer am Télécran an an der Revue war ech ze fannen.


An um Radio 100.7 ze héieren.

E richtegen Bichergeck eben …

Gëtt et ee Bewäertungssystem?

Nee, bei mir ginn ech keng dräi, véier oder fënnef Stären.
D’Bicher déi ech Iech presentéieren, gefale mir – oder net, et si Momentopnahmen.

Wéieng Pläng huet de Bichergeck?

Ausser engem Projet, deen nach an de Kannerschong stécht an topsecret ass, steet näischt extraes um Programm – ausser a Rou liesen a schreiwen.
Villäischt ginn ech och mol nees, déi eng oder aner Liesung besichen.
Mol kucken, wat d’Zäit bréngt!

Zënter Februar 2018 schreiwen ech regelméisseg Buchtipps fir d’Internetsäit vun den Editions Saint-Paul.

Zënter dem August 2018 sinn ech selbststänneg – ech verkafen gutt erhalen Bicher 2Hand, agepak als Virwëtztuten – natierlech mat passende Gadgets!
Flyer

De Sven Wohl vum Lëtzebuerger Journal huet mir e puer Froen gestallt 😀📚
20180904_173421