Paradies

Déi véier Protagonistinnen aus dësem Buch freeën sech op eng erhuelsam Vakanz am Paradies - allerdéngs kënnt et anescht wéi se mengen. D'Petra, d'Suse, d'Jenny an d'Anka sinn Gäscht am spueneschen Hotel Paraiso. Esou ënnerscheedlech ewéi d'Fraen och sinn - si hunn d'Vakanz aus dem selwechte Grond gebucht. Si wëllen dem Alldag entfléien, si sinn … Paradies weiterlesen

Hex

D'Horrorbuch Hex ass mir ënnert d'Haut gaangen, och wann d'Geschicht net allze hefteg a bluddeg ass - verschidde Biller ware schwéier aus mengem Kapp ze kréien. Mä esou soll et sinn, d'Schreifweis huet mech gefesselt, ech hunn d'Buch riicht duerch gelies. Black Springs ass eng kleng Stad ewéi keng aner, d'Bewunner hunn nämlech ee ganz … Hex weiterlesen

Never loved before – Never let you go

Ech fanne fir d'alleréischt emol, dass d'Nowuert an dësem Buch méi Sënn erginn hätt, wann et ee Virwuert gewierscht wier - soss kéint de Lieser mol äiskal erwëscht ginn. Et gëtt nämlech net nëmmen eng zaart Liibesgeschicht z'erzielen, eis Protagonistin Katherine hat a senger Jugend e puer hefteg Deeg - hatt gouf vun engem Serienmäerder … Never loved before – Never let you go weiterlesen

Die Party

Halloween steet virun der Dier - eng gutt Geleeënheet fir mam Jonas Winner op eng Party ze goen ... Oder net? De Brandon wëll eng Halloweenparty mat sengen alen Jugendfrënn feieren - op där selweschter Plaz, wou hie virun 30 Joer scho mat hinne gefeiert huet. Firwat? Deemols schéngt eppes Schlëmmes mam Brandon passéiert ze … Die Party weiterlesen

Colorado Kid

- Wat? Dat soll den Ufank sinn? Dat ware meng éischt Gedanken, ewéi ech Colorado Kid vum Stephen King ugefaangen hunn mat liesen. Ech wosst mol net, ob ech iwwerhapt weiderliese wollt, ech hu mech dunn awer entschloss mech op dat Experiment anzeloossen. D'Buch huet knapp 160 Säiten, et geet ëm een ongeklärten Mordfall. Den … Colorado Kid weiterlesen

Gwendys Wunschkasten

'Gwendys Wunschkasten' vum Stephen King ass mat sengen knapp 130 Säiten, éischter eng kleng Geschicht fir zwëschenduerch. Leider feelt och den typeschen King-Thrill, e puer Honnert Säite a méi Actioun, hätte bestëmmt net geschued. D'Gwendy begéint op senger alldeeglecher Lafronn engem frieme Mann - de Mr. Farris, hien schenkt him ee wonnerschéine Wonschkasten, mat ville … Gwendys Wunschkasten weiterlesen

Black Memory

D'Buch Black Memory huet fir een Thriller vill Facetten - et gëtt eng gutt an eng schlecht Säit, Doudesaffer, eng Verschwörung an e ganz bësse Mystery, Wësseschaft, a villäischt souguer Sci-Fi. Deemno wéi een dat definéiert. Eis Protagonistin Clare gëtt hallef dout aus dem Mier gefëscht. Hatt huet Amnesie, a gëtt beschëllegt ee klengt Kand … Black Memory weiterlesen

Die Gabe

Gläichberechtegung - et ass a bleiwt een Diskussiounsthema. D'Männer sinn dat staarkt Geschlecht, Fraen verdénge manner, asw, ... Dës Dystopie deet de Lieser nodenken, wat wier da wann d'Fraen d'Iwwerhand hätten? Eng interessant Fro, nee? An dëser Erzielung entwéckelen jonk Meedercher eng aussergewéinlech an och geféierlech Kraaft - si kënnen ee mat Blëtzer blesséieren (a … Die Gabe weiterlesen