Die Flüsse von London

Den Humor vun dësem Buch ass very british, ech hunn dacks misse schmunzelen. De Peter Grant ass Polizist, seng Proufzäit ass eréischt zënter kuerzem eriwwer. Enges Dages trëfft hien op een aussergewéinlechen Zeien - ee Geescht. Seng ganz Welt gëtt op d'Kopp gestallt, ewéi et ausgesäit huet hien besonnesch Fähegkeeten. Dowéinst gëtt him dem Nightingale … Die Flüsse von London weiterlesen

Remember Mia

Remember Mia - et steet Thriller drop. De Buchcover gesäit no Thriller aus - de Klappentext léisst eis un een Thriller denken. Mee tëscht de Buchdeckelen stécht eng gewalteg Portioun Drama. No engem schwéieren Autosakkzident kënnt d'Estelle an engem Spidol zou sech, hatt erënnert sech un näischt méi - just dass säi Meedchen Mia (7 … Remember Mia weiterlesen

Final Girls

D'Quincy Carpenter ass ee Final Girl. Final Girls nennt ee jonk Meedercher, déi déi lescht Iwwerliewend an engem Horrorfilm sinn. An dësem Buch huet d'Presse ugefaangen, dräi Meedercher no hieren Erliefnisser esou ze nennen. D'Quincy schéngt säin Trauma iwwerwonnen ze hunn, hatt huet e Frënd an ee Bakblog. Niewt Xanax hëlleft baken him, mat sengen … Final Girls weiterlesen

Woman in Cabin 10

De Lieser freet sech dat ganzt Buch iwwer, ob hien dem Lo iwwerhapt traue kann. Eis Protagonistin ass nämlech labil, drénkt vill an ass och nach pëllesüchteg. Ausserdeem ass hatt Reesjournalistin, fir een Artikel, däerf hatt mat der Aurora matfueren, dëst Luxusschëff huet just zéng Kabinen. Zoufälleg kritt hatt mat, dass komesch, verdächteg Saachen u … Woman in Cabin 10 weiterlesen