Der Insasse

Der Insasse - natierlech ass d'Buch typesch Sebastian Fitzek! Dem Till säi Bouf Max ass spuerlos verschwonnen, et gesäit dono aus, ewéi wann hien een Affer vum Guido Tramnitz ginn ass. De Mäerder setzt am Geckenhaus a schwätzt net iwwert seng Doten. Aus dësem Grond wëll den Till sech aweise loossen, hien wëll vum Guido … Der Insasse weiterlesen

Mutterblut

Dësen Thriller versprécht schonn eleng duerch de Cover, den Titel an de Klappentext eng bluddeg Lektüre. Déi éischt Säiten vum Buch gi scho mat der kranker Siichtwäis vum Mäerder un, de Lieser weess direkt, wat op en duerkënnt. Ech sinn éierlech, ech hat e puer Schwieregkeeten an d'Buch eranzekommen, ech hunn et souguer eemol ofgebrach, … Mutterblut weiterlesen

Escape

De Klappentext an déi éischt puer Säiten verroden eis scho ganz vill - et gëtt traumatesch. Fir d'Lainey, fir dat vermësstent Meedchen a fir de Lieser. Virun 10 Joer ass d'Lainey gerett ginn, hatt war 3 Joer laang an engem Keller gefaangen. Bei senger Rettung war eng Saach fuerchtbar schlëmm - hatt war schwanger! Elo, … Escape weiterlesen

Girl with no past

Dëst Buch war voller Geheimnisser, dat huet mir ganz gutt gefall! Eis Haaptprotagonistin Leah huet a senger Jugend eppes schlëmmes, traumatesches erlieft, hatt fillt sech och haut nach schëlleg dowéinst. Wat genee dat ass, an op hatt tatsächlech Schold op sech gelueden huet, liese mir eréischt zum Schluss vun dëser Erzielung. E beemol fillt hatt … Girl with no past weiterlesen

Stiefkind

Dëst Buch hat fir mech leider net wierklech eppes vun engem Thriller, ech hu mir vill méi erwaart. Ech si mir virkomm, ewéi wann ech eng Rees an d'Vergaangenheet gemaach hätt. Virun fofzéng Joer dorëmmer, hunn ech d'Gaslicht Groschenromaner gäre gelies. Dir wësst schonn - eng Fra aus der Ënnerschicht, verléift sech an ee räiche … Stiefkind weiterlesen