Dark Call

D'Holly Wakefield ass forensesch Psychiaterin, hatt hält Virliesungen op der Uni - also méi Theorie wéi Praxis. Dat ännert sech ewéi d'Polizei hatt als Profilerin astellt. Ausserdem schafft hatt stonneweis an enger Klinik, firwat wëll hatt dës krank, pervers Mäerder therapéieren? Huet hatt e perséinleche Grond? Mat der Zäit versteet de Lieser seng Hannergrënn - … Dark Call weiterlesen

Kiss me once

Kiss me once ass e gutt Buch fir no e puer Psychothrilleren ofzeschalten! Et ass en typesche Libesroman. D'Ivy ass e Meedchen aus räichem Haus, hatt huet vu sengem Papp erlaabt kritt inkognito eng Uni ze besichen. Allerdéngs muss hatt domat liewen, dass e Bodyguard a senger Géigend bleift. Dat nervt hatt natierlech, hatt wëll … Kiss me once weiterlesen

Die Mutter

Die Mutter ass e psychologesch raffinéierten Thriller ... E Grupp vu Mammen trëfft sech regelméisseg, si schwätzen iwwert hir Puppelcher, iwwert Männer, iwwert hir Suergen an Ängscht. Eben déi typesch Problemer - se fillen sech dacks aleng. Enges Dages beschléissen se, d'Kanner beim Mann oder beim Babysitter ze loossen a mol eng Kéier erëm op … Die Mutter weiterlesen

Kaschmirgefühl

Normalerweis schreift de Bernhard Aichner Thrilleren - mat dësem klenge Roman huet e sech un een neie Genre gewot. Ass e gegléckt? Ech weess et net, ech hunn d'Buch gelies, et huet sech allerdéngs keng richteg Stëmmung agestallt. Ech hu mech net gelangweilt - e war witzeg, wahrscheinlech hunn ech en dowéinst net ofgebrach. De … Kaschmirgefühl weiterlesen

Cat & Cole

Den Hydra-Virus ass dout - sou schéngt et mol. Mä den Impfstoff huet et schlëmmer gemaach, dem Cat säi Papp huet e Code dra verstoppt; dëse soll d'Mënschheet ëmprogramméieren. D'Cat an de Cole mussen alt nees d'Welt retten. Op der Sich no Hëllef an Äntwerten begi si sech an d'Wüst. Mä wiem kënne se vertrauen? … Cat & Cole weiterlesen

Believe me

Believe me war een exzellenten Thriller - ech war mir bis zum Schluss net sécher wéiee Charakter dann elo dee Gudden ass. D'Claire, eis Protagonistin ass Schauspillerin, momentan schafft hatt als 'Treuetesterin'. Bei sengem nächsten Optrag wëll de Mann näischt vun him wëssen, den Dag drop gëtt d'Fra doudeg opfënnt. Ween ass de Mäerder? De … Believe me weiterlesen

Too late

Too late vum Colleen Hoover ass ganz aneschter ewéi seng aner Bicher. Et ass méi düster a méi bedreelech. D'Gefor ass op all Säit ze spieren. D'Geschicht ass voller Gewalt, et ginn Droge konsuméiert, Partyen gefeiert a gedealt. An d'Sloane ass matzendran - fräiwëlleg gezwongen an der Häll. Hatt wunnt mam Asa zesummen, well hien … Too late weiterlesen