Onverëffentlecht

ONVERëffentlecht

“Die Kunst des Erzählens besteht darin, eine Katze mit maximalem Effekt aus dem Sack zu lassen.”
Hellmuth Karasek

Ech krut virun enger Zäit ee Message, vun engem léiwen Monsieur.
Hien huet gefrot:

„Firwat fänkt der net un, nach net verëffentlecht Texter ze froen, ze bewäerten, ze kritiséieren oder ze luewen? Mat Ärem Wëssen an virun allem mat Ärer Éierlechkeet (déi ech immens luewenswäert fannen) kéint dir an dem klenge Krees vun de lëtzebuerger „Krozeler“ e ganze Koup Guddes bewierken.“

Dëse Virschlag ass laang a mengem Hannerkapp ronderëm gegeeschtert, d’Idee wollt mech net lassloossen.
A ganz éierlech, ech wollt se och net goe loossen.
Et ass schonn eppes drun, ech kann tatsächlech eppes bewirken.
An ech wëll och!

Dofir gehéiert dës Säit Iech …

Schreiwt Dir gär?
Keng Loscht méi, dass Är Dateien einfach am Laptop verstëbsen?
Ech bidden Iech un, se ze liesen, Iech éierleche Feedback ze ginn, an och, souwäit et mir méigleich ass, Ären Text ze verbesseren.
De Bichergeck huet mëttlerweil eng kleng Plattform, ech proposéieren Iech soumat och, Är Wierker an engem Blogpost ze verëffentlechen, a se an den sozialen Medien ze deelen.
Anonym, oder mat Ärem Numm, dat ass ganz eleng Iech iwwerlooss.
Wie weess, villäischt encouragéiert dës Säit Iech jo um Ball ze bleiwen …

Traut Iech, mir brauchen nei Geschichten a frëschen Wand an der Literaturzeen 🤗

Léif lëtzebuergesch Schrëftsteller, Dir sidd natierlech och häerzlech agelueden, eng Geschicht bäizesteieren.

Ech, an och ganz vill aner Lieser, géife sech freeën!
Et wier schéin, wann dës Säit net nëmmen eng flott Idee géif bleiwen.

Hei kënnt Dir mech kontaktéieren


Texter:

Pascal Debra
Achilles

Nathalie Jossa
Mal was ganz Anderes
Text ouni Titel

Jos Kayser
toujours jamais (1) (2) (3) (4) (5)

Nicolas Calmes
Fear

Danielle Schartz
Eleng ënner villen

Maxime Weber
Belair

Cosimo D. Suglia
Red River

Cathy Clement
Eine von Fünf
Stroosseverkéier an Handy

Jessica Mersch
Här Dokter