Lieweg – Een Dag nom aneren

Et ass souwäit – ech hunn e Buch geschriwwen!

20190827_145638

Fir mech war et mol eppes anescht d’Bicherwelt aus dëser Perspektive kennenzeléieren – ech hu vill bäigeléiert.
Zumools iwwert eis Grammatik!
Nodeems ech d’Réifaassung fäerdeg hat, ass mir bewosst ginn, dass den Text Potenzial zum Buch huet, et war ee wäite Wee.
Ech hunn d’Manuskript dacks ausgedréckt, mir Notize gemaach, Logikfeeler entdeckt, Sätz erweidert an anerer gelöscht.
Ech hunn den Text haart virgelies, fir erauszefannen, ob e sech „ronn“ unhéiert …
Bis dass ech d’Gefill hat, e wier fäerdeg – an dunn koum déi grouss Fro!
Soll ech den Text un Editioune schécken? Oder loossen ech en um Laptop verstëbsen?
Ech war veronséchert, mä ech hu mech getraut, d’Iwweraschung war grouss, ewéi ech eng Zouso vun den Editions Schortgen a menge Maile fonnt hunn.

Op dëser Plaz wëll ech nach eemol Merci fir de waarmen Accueil soen!

Mir hunn eis, ënnert anerem Gedanken iwwert d’Coverbild gemaach.
De Klappentext war am schwéiersten, ech hu ganz laang keng passend Wierder fonnt.
Geet et och aneren Autoren esou?
Eigentlech misst et jo ganz einfach sinn – keen kennt d’Buch esou gutt ewéi ech!

Et war ee laange Wee, mat enger Ënnerbriechung vun e puer Méint, hunn ech ee Joer dru geschafft.

Ee Buch erauszebréngen ass ee Gedoldsspill – fir d’éischt waart een op den OK vun enger Editioun, dono waart een op d’Verëffentlechung.
Dertëschend schafft een um Lektorat – Merci Myriam Welschbillig – ech hu villes geléiert!

An elo waarden ech op d’Reaktioun vun de Lieser …

D’Editions Schortgen huet e puer vu menge lëtzebuergeschen Liiblingsbicher erausbruecht, ech freeë mech, dass ech mäint elo an déi selwescht Regalrei ka stellen!

Ech si gespaant, wéi Liesungen aus der Autorenperspektive wäerte sinn – ech halen Iech um courant.

Am Buch geet ëm villes – Alkohol, Mëssbrauch, Depressiounen – dat battert Liewen. Et ass ee klengt Drama.
Déi gutt a schlecht Säiten, matenee verbonnen. Erzielt gëtt d’Geschicht aus der Ech-Perspektive, d’Sprooch ass Lëtzebuergesch.

Ech si mir sécher, dass et net dat lescht Buch wäert sinn, a mengem Kapp geeschtert schonn eng Idee fir eng Kannergeschicht ronderëm …
A fir en Thriller.

Op dëser Säit kënnt Dir noliesen, wéiee Feedback ech kritt hunn – vun der Presse a vun de Lieser.
Dir kënnt mir gäre Froe schécken, ech stellen ee FAQ zesummen.

Dir kënnt d’Buch iwwert mech bestellen, schreift mech einfach un, op Wonsch kann et natierlech signéiert ginn 😉

IMG-20190928-WA0001

Et war nawell e schéint Gefill mäi Buch an der Librairie Ernster ze fannen!

FB_IMG_1570026607236

Äre Bichergeck!


Feedback vun de Lieser

Famill.lu huet d’Buch virgestallt an e klengen Interview mat mir gefouert!


FAQ

Ass d’Buch eng real Geschicht?

D’Buch ass fiktiv, et huet allerdéngs vilö real Hannergrënn!

Wéivill kascht Buch?

Et kascht 13,50€.