„Es geht uns mit Büchern wie mit den Menschen. Wir machen zwar viele Bekanntschaften, aber nur wenige erwählen wir zu unseren Freunden.“
Ludwig Feuerbach

Et war Samstes, ech hat eng Nuecht ouni Schlof hannert mir – ech hu mir Zäit mam Internet verdriwwen.
A beemol sinn ech iwwert „Kenneléier-Froe“ gestouss, ech hu se fir Iech iwwersat an no beschtem Gewëssen beäntwert, et sinn der 35 Stéck!

Luusst roueg eran a léiert mech besser kennen.

Mat wat kann ee mir eng Freed maachen?
Bicher, wat soss 😀

Hunn ech Narben? Wéi ass et dozou komm?
Mäi rietsen Aarm ass voller Narben, ech kéint jo soen, et war meng Kaz, mä a menger Jugend war ech autoagressiv …

Sinn ech Riets oder Lénkshänder?
Rietshänder, oder zwou lénks Hänn wéi een et hëllt 🤣

Wat war mäi verrécktesten Dram?
Ech hu scho gedreemt, dass mir Zänn ausgefall sinn – mä deen Dram, dee mir net méi aus dem Kapp geet, ass d’Apokalypse gewierscht. D’Sonn huet sech verdonkelt, et huet gestiermt, Komete si ageschloen, et war schlëmm. Op der Sich no Schutz si mir bal bei engem Tsunami ëmkomm. An awer huet deen Dram sech gutt ugefillt 🤣

Kann ech danzen?
Nee! Ech ka mol net mam Kapp zum Rhythmus vun der Musek wackelen, ech sinn onmusikalesch.

Wou sinn ech kiddeleg?
Ech sinn iwwerall kiddeleg – mä ech haassen dat! Ech kann dat Gefill net ausstoen …

Hunn ech Phobien?
Spannen! Schonn eleng vum drun denken, bäisst et mech iwwerall!
Höhenangscht hunn ech och, mir gëtt et direkt dronken – wann ech op eng Leeder klammen, froen ech mech verzweifelt, wéi ech erëm do erofkommen 😉

Hunn ech heiansdo Angscht virun der Zukunft?
Natierlech! Et brauch ee just d’Noriichten ze kucken, eis Zukunft gesäit net roseg aus. Mir ginn eis einfach net drun!

Wat ass mäi Liiblingsmärchen?
Schneewittchen.
An Dornröschen.

Sinn ech gutt am Kopfrechnen?
Ehm nee! Mä d’Einmaleins kann ech am Schlof …

Spillen ech een Instrument?
Esou onmusikalesch ewéi ech sinn, ass et villäicht gutt, dass ech d’Fangeren dovun ewech loossen.
An der Primärschoul hunn ech Flûte gespillt.

Wéini hunn ech fir d’lescht gekrasch?
Dat ass eréischt e puer Deeg hier – d’Buch huet mech emotional matgeholl!

Wat drénken ech am léifsten?
Kaffi, Kaffi a Kaffi.
A Monster!

Gëtt et een Iessen, wat mir guer net schmaacht?
Baaah, Träipen!

Hunn ech schonn eppes wäertvolles futti gemaach?
Leider jo, et deet mir nach ëmmer leed – ech war schwäiroosen, ech hu meng Fotoalben a kleng Stécker gerappt …

Wéi eng Glace hunn ech am léifsten?
Pistache, Mocca a Schokela 😉

Fëmmen ech?
Leider jo – mä ech probéiere méi lues ze maachen, ech weess, dass dat net gesond ass …

Ketchup oder Mayonnaise?
Parmesan a Maggy!

Mäi Liiblingscomic?
Pinky und der Brain

Wat géif ech maachen, wann haut de leschten Dag vun eisem Liewe wier?
Zäit mat menger Famill verbréngen!
Se genéissen.

Stinn ech gär am Mëttelpunkt vun der Opmierksamkeet?
Éierlech gesot, net. Ech si kee ganz soziale Mënsch. De Bichergeck ass scho Mëttelpunkt genuch an eng Erausfuerderung.

Wat war mäin schéinsten Vakanzenerliefnis?
Esou oft war ech na net an der Vakanz – mä Cala d’Or mat mengem Mann d’lescht Jor, war een Dram. Dofir geet et dëst Jor erëm dohin.

Sinn ech gedëlleg?
Gedold ass eng Tugend – leider kann ech dat net vu mir behaapten.

Kann ech gutt sangen?
Mäi Meedchen vun dräi Jor huet na net gemeckert, ech kann awer déi mannsten Téin treffen.

Hunn ech ee gutt Gedächtnis?
Jo! Een Elefantengedächnis. Ech verhale mir all Schissi – an der Schoul war dat eng grouss Hëllef, wann ech Vokabelen hu misse léieren 😀

Sinn ech uerdentlech?
Déi eng géife Jo soen, anerer mam Kapp Nee rëselen! Mä ech weess ëmmer, wou ech alles fannen.

Hunn ech ee liichten oder déife Schlof?
Ech schlofen wéi een Doudegen. A menger Jugend hunn ech de Feieralarm aus mengem Foyer dacks verschlof, Gott sei Dank, waren dat just Übungen. Mä wann ech Albdreem hunn, ass mäi Schlof esou liicht wéi eng Plomm.

Wéini mierkt een op ech bedréckt sinn?
Ganz einfach, ech schwätze kee Wuert méi. Kucke verbruecht viru mech hin …

Mat wéiengen dräi Wierder géing ech mech beschreiwen?
Roueg, roueg, roueg.

Dee lëschteste Witz, deen ech kennen?
Kennt Dir de Sekonnewitz?
Deen ass elo eriwwer! Haha 😉
Lahm, ech weess.

Wéieng Erfahrungen hu mech am stäerksten verännert?
Meng Kanner, si sinn een Deel vu menger Séil.

Wat ass meng gréisste Fantasie?
Ech dreeme schonn Joren dovunner ee Kannerbuch ze schreiwen.

Hunn ech ee Liiblingsfilm?
Das Mercury-Puzzle mam Bruce Willis. Ech hunn e bestëmmt schonn dausend mol gesinn ❤

Hunn ech Hausdéieren?
Ech hunn ee ganz léiwe Kueder, deen op den Numm Charly lauschtert.

Hunn ech een Tattoo?
Op menger rietser Schëller ass een Tribal, ech hunn e virun zéng Joer stieche gelooss.


Wéieng Froen hutt Dir dann na fir mech?