Und dieses verdammte Leben geht einfach weiter

Und dieses verdammte Leben geht einfach weiter - wow, wat fir een Titel. En trëfft den Nol op de Kapp. D'Geschicht ass tragesch. Lëschteg. Hoffnungsvoll. Et geet ëm d'Léift, d'Liewen, den Dout an Trauerbewältegung. Et ass voller Emotiounen - am beschten e Pak Nuesschnappescher dobäi leeën. Den Timon an d'Sunny maachen sech op de Wee... Weiterlesen →

Wenn wir nach den Sternen greifen

An dësem Jugendbuch kënne mir no de Stäre gräifen. Also bal ... D'Handlung spillt sech am Joer 2089 of, déi éischt Marsmissioun steet bevir. Dem Ianthe säi Papp ass e vun den auserwieltenen Astronauten. D'Rees dauert dräi Joer. D'Famill ass houfreg, mä si hunn och Angscht - kënnt hien zeréck? Wat ass, wann eppes schif... Weiterlesen →

Die Stille meiner Worte

'Die Stille der Worte' ass nees ee vun deene Bicher, déi ee soubal net méi lassgëtt. Et ass eng roueg, intensiv, héichemotional Geschicht. Dem Hannah seng Zwillingsschwëster Izzie ass virun e puer Méint bei engem Akkzident gestuerwen, zënterdeems ass d'Hannah stomm, him feelt net nëmmen d'Schwëster, d'bescht Frëndin, och seng Wierder si verschwonnen. Et ass... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑