Babydoll

Dëst Buch huet mech gefesselt, ech si begeeschtert. D'Geschicht gëtt aus véier Perspektiven erzielt - mir léieren d'Lily (d'Affer), d'Abby (seng Zwillingsschwëster), seng Mamm an de Rick (den Täter) kennen. D'Lily konnt sech no 8 Joer Gefaangeschaft endlech befreien, zesumme mat sengem Meedchen Sky leeft hatt ëm säi Liewen. Doheem ass d'Freed grouss. Awer och … Babydoll weiterlesen

Paper Ghosts

Dëse Roman vum Julia Haerberlin ass ee psychologescht Meeschterwierk. De Lieser léiert d'Grace an de Carl kennen - d'Grace huet viru Joeren seng Schwëster verluer, de Carl kënnt als potentielle Mäerder a Fro. Et ass endlech un der Zäit d'Wourecht erauszefannen, dofir huet d'Grace joerelaang trainéiert. Sech drop virbereet. Hatt iwwerléist näischt dem Zoufall ... … Paper Ghosts weiterlesen

Tattoo

D'Ruth Lake an de Greg Carver schaffen zesummen un engem Fall - dee vum Dornenkiller. Hien tättowéiert seng Affer - ouni Spueren ze hannerloossen. Wéi ee Motiv huet hien? Oder mécht hien dat just fir Spaass ze hunn? E spillt mat de Polizisten, een Affer gläicht dem Carver senger Fra, ewéi eng Drëps Waasser. Hie … Tattoo weiterlesen

Der Insasse

Der Insasse - natierlech ass d'Buch typesch Sebastian Fitzek! Dem Till säi Bouf Max ass spuerlos verschwonnen, et gesäit dono aus, ewéi wann hien een Affer vum Guido Tramnitz ginn ass. De Mäerder setzt am Geckenhaus a schwätzt net iwwert seng Doten. Aus dësem Grond wëll den Till sech aweise loossen, hien wëll vum Guido … Der Insasse weiterlesen

Die Flüsse von London

Den Humor vun dësem Buch ass very british, ech hunn dacks misse schmunzelen. De Peter Grant ass Polizist, seng Proufzäit ass eréischt zënter kuerzem eriwwer. Enges Dages trëfft hien op een aussergewéinlechen Zeien - ee Geescht. Seng ganz Welt gëtt op d'Kopp gestallt, ewéi et ausgesäit huet hien besonnesch Fähegkeeten. Dowéinst gëtt him dem Nightingale … Die Flüsse von London weiterlesen

Echo Killer

An dësem gelongenen Thriller léiere mir d'Harper McClain kennen - eng taff Polizeireporterin. Bei engem aktuelle Mord leeft et him äiskal de Réck erof - genee esou ass seng Mamm viru fofzéng Joeren ëmbruecht ginn, de Mäerder gouf deemools net fonnt. Ass en elo erëm do? Et gi keng verwäertbar Spueren a keng Zeien, soll … Echo Killer weiterlesen

All of this is true

All of this is true ass ee wierklech interessant geschriwwent Buch - dat läit wahrscheinlech un der Schreifweis. D'Perspektive ass ongewéinlech ... D'Geschicht gëtt just aus Zeitungsartikelen, Interviewen, Emailen, Dagebuchauszich, etc, erzielt. Doduerch fillt de Lieser sech liicht voyeuristesch. Säit fir Säit - lues awer sécher, kënnt eng dramatesch Wourecht un d'Liicht. D'Schoulfrënn Soleil, Miri, … All of this is true weiterlesen

Bienenkönigin

D'Mel ass aussergewéinlech - hatt séngt fir d'Beien, hatt huet eng ganz besonnesch Relatioun zu dësen Insekten, hatt huet souguer ee klengen hoerege Fleck a sengem Genéck, deen un d'Fell vun enger Bei erënnert. Hatt lieft an enger WG (de Beehive), si sëtze sech vill fir den Naturschutz an. Souguer seng kleng Frënn sinn an … Bienenkönigin weiterlesen

Remember Mia

Remember Mia - et steet Thriller drop. De Buchcover gesäit no Thriller aus - de Klappentext léisst eis un een Thriller denken. Mee tëscht de Buchdeckelen stécht eng gewalteg Portioun Drama. No engem schwéieren Autosakkzident kënnt d'Estelle an engem Spidol zou sech, hatt erënnert sech un näischt méi - just dass säi Meedchen Mia (7 … Remember Mia weiterlesen