Resistent

Mir huelen vill ze dacks Antibiotika, et gëtt virdrun gewarnt ... Iergendwann verléieren se hier Wierkung. An dann? Et wär eng Katastroph! Dëse Roman beschäftegt sech e bëssen mat den Auswierkungen. 1945 De klengen Tsan ass mat senger Mamm an de Gesëschter op der Spillplaz - eng Atombomm explodéiert, hien ass deen eenzegen wou iwwerlieft... Weiterlesen →

Das Echo deines Todes

Das Echo deines Todes huet mech aleng dowéinst faszinéiert, well eng vun de Protagonisten Asperger huet. Eng Insel, e puer al Frëndinnen, e vermësstent Meedchen, Geheimnisser an allerhand Dreeungen suergen fir e puer spannend Liesstonnen. Iwweraschend Wendungen hu mir et schwéier gemaach, d'Rätsel opzeléisen - an och eis Protagonisten hunn et bal net gepackt. Nodeems... Weiterlesen →

Für immer Rabbit Hayes

O mäi Gott, ewéi ech gesinn hunn, dass d'Anna McPartlin nees e Buch iwwert d'Hayes-Famill geschriwwen huet, sinn ech bal vru Freed duerchgedréit! Mäi Mann huet et direkt bestallt. Merci! ❤ Ech erënnere mech nach ganz genee u meng Kräischattacken, ech war gespaant wat mech erwaart. D'Buch ass emotional, et war wéi wann ech Besuch... Weiterlesen →

Wenn ich tot bin

E Meedchen gëtt entfouert a ka viru sengem Peiniger fortlafen - mat dëser Handlung gouf d'Rad net nei erfonnt, mä et ass eng gutt Basis fir e Psychothriller. Ech muss soen, en ass der Autorin ganz gutt gelongen, ech war begeeschtert! D'Susan ass iwwerglécklech säi Meedchen Madelin erëm ze hunn, leider hält d'Gléck net laang... Weiterlesen →

Ich bringe dir die Nacht

Ech kann Iech net soen, wat ech vun dësem Buch gehalen hunn - eigentlech huet et mir gutt gefall, ech si just net waarm mat de Charaktere ginn. A mat der Handlung, se huet mech net gefesselt, duerch de Klappentext hunn ech mir vill méi Thrill erhofft! D'Alison, eng Studentin war mam Will zesummen, d'Gléck... Weiterlesen →

Echo Killer

An dësem gelongenen Thriller léiere mir d'Harper McClain kennen - eng taff Polizeireporterin. Bei engem aktuelle Mord leeft et him äiskal de Réck erof - genee esou ass seng Mamm viru fofzéng Joeren ëmbruecht ginn, de Mäerder gouf deemools net fonnt. Ass en elo erëm do? Et gi keng verwäertbar Spueren a keng Zeien, soll... Weiterlesen →

Das Haus der Mädchen

'Das Haus der Mädchen' huet mech leider net esou gefesselt, ewéi ech dat vum Klappentext erwaart hätt. A mengen Aen, ass et méi ee soften Thriller, d'Wendung zum Schluss huet mech allerdéngs iwwerascht. Et war der Wäert! Mir liesen d'Geschicht aus verschiddene Perspektiven. Mir léieren d'Leni kennen - ee jonkt Meedchen vum Land, hatt ass... Weiterlesen →

Die letzten Tage von Rabbit Hayes

Puh, wat soll ech soen? Sidd gewarnt, dëst Buch ass krass. Witzeg an traureg zugläich, et fält vun engem Extremt an dat anert. Op der Säit 43 hunn ech dat éischt Nuesschnappesch gebraucht, op der Säit 68 hunn ech opgehalen se ze zielen, ech wosst, et kommen der nach vill dobäi. Ech hunn dacks missen... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑