The Dry

The Dry vum Jane Harper heescht mëttlerweil Hitze an huet en anere Buchcover. Ech sinn drop opmierksam ginn, well ech mir dem Neal Shusterman säin Dry bestelle wollt - ech hat bal dat falscht Buch erwëscht. De Klappentext huet mech virwëtzeg gemaach - ech hunn et gelies. Et ass eigentlech kee richtegen Thriller oder Krimi, … The Dry weiterlesen

Wenn ich tot bin

E Meedchen gëtt entfouert a ka viru sengem Peiniger fortlafen - mat dëser Handlung gouf d'Rad net nei erfonnt, mä et ass eng gutt Basis fir e Psychothriller. Ech muss soen, en ass der Autorin ganz gutt gelongen, ech war begeeschtert! D'Susan ass iwwerglécklech säi Meedchen Madelin erëm ze hunn, leider hält d'Gléck net laang … Wenn ich tot bin weiterlesen

Echo Killer

An dësem gelongenen Thriller léiere mir d'Harper McClain kennen - eng taff Polizeireporterin. Bei engem aktuelle Mord leeft et him äiskal de Réck erof - genee esou ass seng Mamm viru fofzéng Joeren ëmbruecht ginn, de Mäerder gouf deemools net fonnt. Ass en elo erëm do? Et gi keng verwäertbar Spueren a keng Zeien, soll … Echo Killer weiterlesen