D'Sophie erlieft ee richtegen Albdram - eng Feierhell. D'Appartementshaus brennt of, an hatt ass matzen dran, verzweifelt probéiert hatt een Auswee ze fannen. De Ben fiert deen Ament zoufällegerweis lanscht a kritt direkt mat, a wéienger Nout d'Sophie sech befënnt. Hien gëtt zum Held a rett hatt. Si begéine sech ëmmer erëm, aus zwee Friemer … Das Leuchten unserer Träume weiterlesen
Das Licht der letzten Tage
'Das Licht der letzten Tage' ass eng Dystopie - flott dorunner ass, dass se sech net esou liest, ewéi anerer. De Schreifstil ass dramatesch. A roueg. Ongewinnt melancholesch. Et ginn sou gutt wéi keng Grausamkeeten, de Lieser geheit ee Bléck hannert d'Kulissen vun der Apokalypse. D'Geschicht huet zwou verschidden Zäitzonen, mir liesen ofwiesselnd, wéi et … Das Licht der letzten Tage weiterlesen
Nur in der Dunkelheit leuchten die Sterne
An dësem Buch geet et, ënnert anerem ëm d'bipolar Stéierung - d'Kyra, dem Corey seng beschte Frëndin war dovunner betraff. Hatt ass senge psychesche Problemer net meeschter ginn, an huet sech d'Liewe geholl! An deem klengen Dierfchen wou d'Frëndinne gewunnt hunn, war d'Kyra een Eenzelgänger - vun den Awunner net gär gesinn. Hatt gouf just … Nur in der Dunkelheit leuchten die Sterne weiterlesen
Paradies
Déi véier Protagonistinnen aus dësem Buch freeën sech op eng erhuelsam Vakanz am Paradies - allerdéngs kënnt et anescht wéi se mengen. D'Petra, d'Suse, d'Jenny an d'Anka sinn Gäscht am spueneschen Hotel Paraiso. Esou ënnerscheedlech ewéi d'Fraen och sinn - si hunn d'Vakanz aus dem selwechte Grond gebucht. Si wëllen dem Alldag entfléien, si sinn … Paradies weiterlesen
Never loved before – Never let you go
Ech fanne fir d'alleréischt emol, dass d'Nowuert an dësem Buch méi Sënn erginn hätt, wann et ee Virwuert gewierscht wier - soss kéint de Lieser mol äiskal erwëscht ginn. Et gëtt nämlech net nëmmen eng zaart Liibesgeschicht z'erzielen, eis Protagonistin Katherine hat a senger Jugend e puer hefteg Deeg - hatt gouf vun engem Serienmäerder … Never loved before – Never let you go weiterlesen
Iwweraschungstut
All you need is books - a Luxemburgensia!📚 Loosst Dir Iech gären iwweraschen? (Luxemburgische Bücher in deutscher Sprache 😍) Jo? Dofir hunn ech mir eppes iwwerluecht - dës Post-Enveloppe kascht 3,50€, se hält e Gewicht vu 500 Gramm ... Fir 14€ schécken ech Iech eng Luxemburgensia-Fierwëllztut 😍 Sidd Dir interesséiert? Loscht mol eppes aneschter … Iwweraschungstut weiterlesen
Miss Gladys und ihr Astronaut
Ech si verléift - kuckt Iech dee Cover un, d'Faarwen, d'Figuren, en erzielt eng ganz Geschicht. Fir mech symboliséiert d'moove Faarf de Weltraum, et gesäit ee jo kloer d'Stären, eise Protagonist Major Tom klëmmt aus enger Téitaass, dat kéint fir seng telefonesch Kaffiskränzecher mam Gladys stoen. Ee Bléck op de Klappentext versprécht eis och eng … Miss Gladys und ihr Astronaut weiterlesen
Die Schattenschwester
Wann op de Bicher Lucinda Riley steet, kann ee sech scho bal sécher sinn, dass d'Geschicht voller Emotiounen a Geheimnisser ass. D'Star trauert ëm säin Adoptivpapp Pa Salt, hatt hat hien ganz vill gär. De Pa huet sengen Adoptivmeedercher Bréiwer hannerlooss, se enthalen Hiweiser op d'Hierkonft vun de Fraen. Nodeems d'Star säi Bréif opgemaach huet, … Die Schattenschwester weiterlesen
Aus den Trümmern
Ech hunn virun e puer Méint schonn e Buch iwwert ee Fligerongléck gelies, ech hat bei dësem Buch ufanks meng Zweifel - ginn et net zevill Parallelen mat deem anere Buch? Gott sei Dank, war dat net de Fall ... Dës Geschicht geet nach méi déif ënnert d'Haut. D'Lily an den Dave ginn ee leschten … Aus den Trümmern weiterlesen
Nicht weg und nicht da
Mein bester letzter Sommer - een stierwenskrankt Meedchen Den Mund voller ungesagter Dinge - Homosexualitéit D'Anne Freytag sicht sech fir seng Bicher speziell, nodenklech Themen eraus. An dësem Buch geet et ëm Suicide. D'Autorin huet et fäerdeg bruecht, d'sensibelt Thema ganz douce ëmzesetzen, ech hunn vill Tréine vergoss. D'Geschicht gëtt ofwiesselnd aus dem Luise an … Nicht weg und nicht da weiterlesen