Der Report der Magd

Dëse Roman vun der Autorin Margaret Atwood ass fuerchtbar. Also fuerchtbar gutt. Erschreckend. E rëselt op - de Lieser freet sech automatesch: Wat kënnt nach op eis duer? Ass et eng Zukunftsvisioun oder just eng fiktiv Dystopie? E bleiwt nach laang am Gedächnis, et huet een nees e bessert Versteesdemech fir d'Fräiheet ... Mir mussen... Weiterlesen →

Das Geheimnis von Rookwood

Ewéi ech ee Kand war, hunn Internatgeschichten mech begeeschtert, ech war ee Fan vum Hanni a senger Zwillingsschwëster. Dofir huet dëst Buch mech magesch ugezunn, et geet ëm d'Zwillingen Scarlet an Ivy. Et ass ee Kannerkrimi. D'Ivy trauert ëm seng Schwëster, hatt ass no enger schwéierer Gripp verscheet. Duerch dësen trageschen Ëmstand ass eng Plaz... Weiterlesen →

Das Licht der letzten Tage

'Das Licht der letzten Tage' ass eng Dystopie - flott dorunner ass, dass se sech net esou liest, ewéi anerer. De Schreifstil ass dramatesch. A roueg. Ongewinnt melancholesch. Et ginn sou gutt wéi keng Grausamkeeten, de Lieser geheit ee Bléck hannert d'Kulissen vun der Apokalypse. D'Geschicht huet zwou verschidden Zäitzonen, mir liesen ofwiesselnd, wéi et... Weiterlesen →

Bluescreen

Los Angeles 2050 Déi meescht Mënsche si vernetzt an online. Dëst Implantat am Gehier nennt sech Djinni, kierperlech Aarbechten gi vu Roboteren an Drohnen iwwwerholl. Déi ginn Nulis genannt. D'Marisa ass Gamerin an ee Hacker, fir hatt ass dës virtuell Welt d'Realitéit. Bluescreen, eng Drog bedréit dës Welt, näischt ass méi sécher. Während dem Liesen... Weiterlesen →

Seelenspiel

Den Titel Seelenspiel seet scho vill iwwert d'Geschicht aus, d'Autorin spillt mat eis - op eng ganz roueg Aart a Manéier. D'Buch ass eng Mëschung tëscht Psychothriller an enger gudder Portioun Drama. Interessant dorunner ass, dass d'Geschicht gréisstendeels just vun zwee Charakteren an hieren Handlunge lieft. Op sengem 33te Gebuertsdag gëtt d'Senna wakreg, dat ass... Weiterlesen →

Der Riss im Raum

'Der Riss im Raum' ass den zweeten Deel vun der Madame L'Engle hierem Klassiker. No den éischte Säiten, war ech erëm voll an der Geschicht, bei der aussergewéinlecher Famill huet sech vill gedoen. Den Charles Wallace huet sech charakterlech net verännert, e gefält mir am beschten - seng Famill mécht sech Suergen ëm en, mat... Weiterlesen →

Das Zeiträtsel

D'Buch 'Das Zeiträtsel' ass ee Klassiker, d'Geschicht huet iwwer 50 Joer. Beim Liesen war mir dat bewosst, vum Schreifstil hier, ass mir allerdéngs näischt opgefall. D'Charakteren goufe mat vill Häerz gezeechnet, een ass méi speziell ewéi deen aneren, se hunn awer all eng Gemeinsamkeet - jiddereen vun hinnen huet ee Spleen. Zumools den Charles Wallace... Weiterlesen →

Die Bucht, die im Mondlicht versank

Nodeems ech vum Lucy Clarke senge Bicher 'Das Haus, das in den Wellen verschwand' an 'Der Sommer, in dem es zu schneien begann' begeeschtert war, hunn ech dat neit natierlech och missen liesen. Ech hunn et net nëmme gelies, ech hunn et richteg verschlongen! D'Buch spillt an der Géigenwaart, heiansdo ginn et awer kleng Reckblécker,... Weiterlesen →

Die Landkarte der Liebe

Een Dagebuch ass alles, wat d'Katie Greene vu senger Schwëster Mia huet. Während enger Weltrees ass hatt zu Bali vun enger Klipp gestierzt. Anscheinend huet d'Mia de Fräidout gewielt, mä d'Katie gleewt net wierklech dorunner. Hatt zweifelt. Dofir decidéiert hatt sech, d'Rätsel vum Mia sengem Dout ze léissen, an op Bali ze goen. Op dëser... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑