Believe me war een exzellenten Thriller - ech war mir bis zum Schluss net sécher wéiee Charakter dann elo dee Gudden ass. D'Claire, eis Protagonistin ass Schauspillerin, momentan schafft hatt als 'Treuetesterin'. Bei sengem nächsten Optrag wëll de Mann näischt vun him wëssen, den Dag drop gëtt d'Fra doudeg opfënnt. Ween ass de Mäerder? De … Believe me weiterlesen
Kategorie: Penguin Verlag
Kleine große Schritte
Blond Hoer, blo Aen Aresch Kämpfer White Power - d'Buch ass voll mat dësen Ausdréck, ech war schockéiert. Dorop huet d'Autorin et ugeluecht - et ass hir gutt gelongen! D'Thema ass Rassimus, d'Geschicht kléngt nach laang no! Leider ... D'Ruth ass Hiewamm, frësch Elteren wëllen net, dass hatt hire Puppelchen upéckt. Si hunn eppes géint … Kleine große Schritte weiterlesen
Sister, Sister
D'Clare ass iwwerglécklech - säi Mann vergöttert hatt, zwee Kanner maachen hiert Gléck perfekt. Si wunnen zesummen mam Clare senger Mamm an engem Haus. Et ass perfekt. Schéngbar, et feelt nämlech ee wichtegt Stéck aus der Vergaangenheet. Dem Clare seng Schwëster Alice ass nämlech als Kand vum Papp mat an d'Vakanz geholl ginn - si … Sister, Sister weiterlesen
Mein Jahr mit Dir
D'Ella aus Ohio verbréngt ee Joer zu Oxford - hatt ass houfreg op säi Stipendium. Virun all Kapitel fanne mir een Zitat aus dem 19ten Jorhonnert, dat passt perfekt, d'Ella studéiert Literatur vun de Joren 1830 bis 1914. Do begéint hatt dem Jamie, hatt fënnt de Kärel onsympathesch. Nach schlëmmer ass allerdéngs, dass hien Dozent … Mein Jahr mit Dir weiterlesen
Missing
'Missing - Niemand sagt die Wahrheit' huet mech vum Ufank un gefesselt, dat loung zumools un den zwou Erzielperspektiven. Mir sinn am Frankie senger Géigewaart - hatt deelt eis seng Gedanke mat - an direkter Ried u seng beschte Frëndin Sophie. D'Sophie gëtt schonn joerelaang vermësst, elo sinn mënschlech Iwwerreschter fonnt ginn. D'Vergaangenheet liese mir … Missing weiterlesen
Geständnisse
Iwwert dëst Buch hunn ech scho ganz vill Guddes héieren, elo hunn ech mir endlech Zäit geholl, mir selwer ee Bild dovunner ze maachen. Wéi wäit géift Dir goen, fir den trageschen Dout vun Ärem Kand ze rächen? Auge um Auge, Zahn um Zahn? Selbstjustiz, ass se gerechtfertegt? Psychologesch gesinn, ass dëst Buch ee klengt … Geständnisse weiterlesen
Targa
Ee vu menge Liiblingsfilmer ass 'Das Mercury Puzzle', ech war och vum 'Das Kartenhaus' faszinéiert. An dëse Filmer gëtt Asperger/Autismus thematiséiert. Targa, ee vun eisen Protagonisten ass dovunner betraff. Ech war richteg fierwëllzeg op dëst Buch! Schonn de Prolog geet zimmlech spannend un - een Auto bleiwt hannert enger Klink stoen, eng jonk Fra leet … Targa weiterlesen
Die Namen der Toten
Ech hunn d'Buch duerchgelies, allerdéngs hat ech Schwieregkeeten an d'Geschicht eranzekommen, dat huet sech och net geluecht, leider. Ech hätt mir gewënscht, d'Buch hätt e bëssen méi Perséinlechkeet, mam Vega als Protagonist wier d'Potenzial nämlech do gewierscht. Ier hien Ermëttler gouf, war hien esou eppes ähnleches ewéi Paschtouer. Fir d'Arméi. Et wier flott gewierscht, wann … Die Namen der Toten weiterlesen