Lautlos

Lautlos vum Anouk Mahr huet mech ouni Wierder hannerlooss, et war no laanger Zäit nees ee Luxemburgensia-Roman, deen ech am Grapp hat. Opfalend ass fir d'éischt emol de Klappentext, en ass fir um Buch ze fannen. An d'Buchcover ass hannendrop. Nodeems ech d'Geschicht gelies hunn, fannen ech dat nawell méi wéi passend. Villäicht ass et... Weiterlesen →

Nichts zu danken

Nichts zu danken vum Isabel Spigarelli ass ee Roman, dee mech duerch seng philosophesch Schreifweis staark beandrockt huet. Opfälleg um Text ass d'Tatsaach, dass den Protagonist just M. genannt gëtt. Hien ass d'schwaarzt Schof vun der Famill, d'Familljeverhältnisser sinn net déi Bescht. Seng Groussmamm ass am Altersheem, den M. besicht se regelméisseg, mat sengen Verkleedungen... Weiterlesen →

Thierry Van Werveke

Den Thierry Van Werveke ass eng lëtzebuergesch Ikone, ech si mir sécher, dass dat ëmmer esou bleiwe wäert. Ewéi seet een - Legenden stierwen ni, eise lëtzebuergeschen James Dean huet dat fäerdeg bruecht. A leschter Zäit hunn ech mir ee Koup Filmer vun him ugekuckt, ech si frou, dass ech duerch dës Biografie vum Yves... Weiterlesen →

So mol, Lobo

- Hues du Buchstawenzopp giess? - Nee, net elo ... So mir dat herno nach eng Kéier! - Kanns du ee Moment roueg sinn? Ewéi dacks hu mir dës, oder ähnlech Sätz gesot, oder ze héiere kritt? Et stécht kee béise Wëllen dohannert, et geschitt onbewosst, well mir mat anere Saache beschäftegt sinn - mä... Weiterlesen →

D’Maus Kätti

D'Maus Kätti ass ee lëtzebuergeschen Klassiker - zäitlos, wann ee bedenkt, dass den Auguste Liesch d'Buch 1936 geschriwwen huet. Schonn als Kand war ech begeeschtert - den Zauber huet mech als Erwuessenen net verlooss. Et ass eng Geschicht fir Grouss a Kleng! D"Zeechnungen si vun der Madamm Alison Koch-Kent - vun deemools, se goufen net... Weiterlesen →

Die verbleibende Zeit

Am Maryse Krier sengem Buch 'Die verbleibende Zeit', léiere mir ee gewaltegen Feind vum mënschleche Kierper kennen - de Kriibs. Mir begleeden d'Sara bei den Dokter, hatt fillt sech a leschter Zäit dacks midd, hatt ass onkonzentréiert, wahrscheinlech ass hatt just iwwerschaft, a brauch méi Rou. Denkt hatt. Mir sinn dobäi, wann hatt d'Diagnose Leukämie... Weiterlesen →

Der Himbeerzwilling

Bei dësem Buch stécht engem de Buchcover direkt an d'An, et gesäit een eréischt op den zweeten Bléck, dass de Mond net mat Blutt, mä mat Hambieren verschmiert ass. Domat passt e perfekt bei den Titel, den Effekt dréit och dozou bäi, dass een esou fierwëllzeg gëtt, an de Klappentext liest. Och tëscht de Buchdeckelen... Weiterlesen →

Zéng klassesch Märecher

Märercher sinn zäitlos. Si lueden jonk an al op fantastesch Reesen an déi verschiddenste Welten an. D'Buch 'Zéng klassesch Märecher' ass esou ee Schmockstéck, et ass kleng, handlech a voller Fantasi. D'Geschichten eegene sech gutt fir eise fierwëllzegen Klengen virzeliesen, mä och mir Erwuessener kommen op eis Käschten. Déi faarweg, detailléiert Illstratiounen lueden nach méi... Weiterlesen →

Clodo

Nom éischte Bléck op de Buchcover vum Christiane Grün sengem Buch Clodo, huet een den Androck, dass eis keng frou Geschicht erwaart. Ee Bléck op de Klappentext an op d'Illustratiounen verstärkt dësen Androck, dem Lieser gëtt direkt bewosst, dass d'Realitéit a Form vun dëser Erzielung un eiser Dir klappt. An dat ass gutt esou! Clodo... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑