Alliances – A Trick of Light

D'Marvel-Filmer, wien kennt se net? Ech mengen, ech hunn se well all gesinn ... Ewéi ech matkritt hunn, dass de Stan Lee e Jugendbuch geschriwwen huet, hunn ech dat direkt missen bestellen. An ech war begeeschtert! Natierlech geet et a sengem Buch och ëm en Superheld! De Cameron ass e Youtuber mat 16 Abonnenten. Hie... Weiterlesen →

Ellingham Academy – Was geschah mit Alice?

Puh, dee Schluss - ech hätt d'Buch am léifsten an den Eck geschmass. Et ass grad sou richteg spannend an dann steet do 'Fortsetzung folgt' ... Nee! Wéilaang muss ech dann elo op den nächsten Deel waarden? Gedold ass net sou menges ... D'Ellingham Academy ass een Internat fir begaabte Kanner - dës Kéier ass... Weiterlesen →

Instagirl

Facebook, Instagram, Snapchat - d'Buch weist eis, ewéi geféierlech déi sozial Medien fir eis Teenager kënne sinn. Si identifizéieren sech zevill iwwert Likes, ouni Follower bass du keen, et ass erschreckend, ewéi séier een an dësem Däiwelskrees sëtzt ... Et ka geféierlech sinn, an deem Alter sinn se nämlech liicht ze beaflossen. Eis Protagonistin weist... Weiterlesen →

Thalamus

Am Ursula Poznanski hierem Jugendtriller Thalamus, léiere mir den Timo kennen. No engem schwéieren Verkéiersakkzident, huet sech alles fir hien changéiert. Hie ka sech net beweegen, net schwätzen, net liesen, net schreiwen - an engem Rehazentrum muss en alles vu vir léieren, ewéi ee klengt Kand. En ass gefaangen a sengem Kierper ... Am Zentrum... Weiterlesen →

Dark Noise

Bei 'Dark Noise' hu mir déi éischt Kapitelen een allwëssenden Erzieler an der drëtter Persoun. Hien erzielt eis eng Geschicht - dem Zafer seng Geschicht. An dat souguer an enger flotter philosophescher Ausdrocksweis, dat hätt ech net vun dësem Jugendbuch erwaart, schon aleng dat, mécht d'Geschicht liesenswäert. Den Zafer ass ee vun eisen Protagonisten. Hien... Weiterlesen →

Gods Kitchen

Och wann Gods Kitchen ee Jugendbuch ass - et muss een sech Zäit dofir huelen, fir jonk Lieser ass et villäischt e bëssen ze komplex. D'Buch huet seng eegen Erzielweis, mir liesen alles aus dem Celine senger Perspektive, heiansdo gi mir a Réckblécker méi iwwert säi Liewe gewuer. Hatt ass aussergewéinlech, hatt gesäit an d'Zukunft.... Weiterlesen →

Chroniken von York

Ech menge ganz, 2018 ass d'Joer vun de gudde Bicher. Ech hunn nees ee Buch gelies, den éischten Androck (de Buchcover) suergt schonn fir een Wow-Effekt - d'Geschicht tëscht de Buchdeckelen ass fantastesch! Wat d'Autorin aus dësem fiktiven New-York gemaach huet, ass een Dram. An net nëmmen aus New-York, och aus de Charakteren an der... Weiterlesen →

17 Erkenntnisse über Leander Blum

17 Erkenntnisse über Leander Blum ass ee Jugendbuch a kënnt aus dem Loewe Verlag. De Leander a säi beschte Frënd si Graffitisprayer, hiere gréissten Dram ass et, eng grouss Mauer ze fannen, an hiert 'Masterpiece' drop ze veréiwegen. An do ass och nach d'Lila, hatt léiert de Leander an der Schoul kennen. Hatt fënnt hien... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑