Lieder von morgen

De Roman an engem Wuert beschriwwen? Häerzergräifend! ❤ De pessimisteschen, onzefriddenene Museksprof Jonah trëfft seng nächst Schülerin op enger Onkologiestatioun. D'Lenia ass de komplette Géigendeel vun him, hatt ass voller Liewensfreed - voller Hoffnung an Optimismus ... Deen ee kämpft, deen anere gëtt op. Dat eenzegt, wat déi zwee verbënnt, ass d'Musek. Duerch dës Stonnen, … Lieder von morgen weiterlesen

Instagirl

Facebook, Instagram, Snapchat - d'Buch weist eis, ewéi geféierlech déi sozial Medien fir eis Teenager kënne sinn. Si identifizéieren sech zevill iwwert Likes, ouni Follower bass du keen, et ass erschreckend, ewéi séier een an dësem Däiwelskrees sëtzt ... Et ka geféierlech sinn, an deem Alter sinn se nämlech liicht ze beaflossen. Eis Protagonistin weist … Instagirl weiterlesen

All of this is true

All of this is true ass ee wierklech interessant geschriwwent Buch - dat läit wahrscheinlech un der Schreifweis. D'Perspektive ass ongewéinlech ... D'Geschicht gëtt just aus Zeitungsartikelen, Interviewen, Emailen, Dagebuchauszich, etc, erzielt. Doduerch fillt de Lieser sech liicht voyeuristesch. Säit fir Säit - lues awer sécher, kënnt eng dramatesch Wourecht un d'Liicht. D'Schoulfrënn Soleil, Miri, … All of this is true weiterlesen

play2live

An dësem Internat ass et net ewéi bei Hanni und Nanni, et gi keng Mitternachtssnacks, d'Schüler spillen ee Killer-Spill. Et ass ganz harmlos, ee Rollespill. Eigentlech ... Wien ass de Mäerder? Wien ass een Affer? Net jiddereen däerf bei den Assassinen dobäi sinn, d'Spiller ginn ausgewielt. D'Cate ass iwwerglécklech, dëst Joer ass hatt mat vun … play2live weiterlesen