Nur in der Dunkelheit leuchten die Sterne

An dësem Buch geet et, ënnert anerem ëm d'bipolar Stéierung - d'Kyra, dem Corey seng beschte Frëndin war dovunner betraff. Hatt ass senge psychesche Problemer net meeschter ginn, an huet sech d'Liewe geholl! An deem klengen Dierfchen wou d'Frëndinne gewunnt hunn, war d'Kyra een Eenzelgänger - vun den Awunner net gär gesinn. Hatt gouf just... Weiterlesen →

Das Heim

De Schreifstil vun dësem Buch ass bedréckend - an dat läit net dorunner, dass et een Horrorbuch ass, d'Thematik ronderëm schléit dem Lieser batter op de Mo. Mir léieren de Joel kennen, hie huet sech laang ëm seng demenzkrank Mamm gekëmmert, elo ass et souwäit dass si an een Fleegeheim kënnt. D'Nina, dem Joel seng... Weiterlesen →

Hinter der blauen Tür

Wat mir un dësem Buch richteg gutt gefall huet, war d'Erzielperspektiv, mir liesen alles aus dem Lukasz senger Siichtweis, et huet ee bal d'Gefill, e géif niewend engem sëtzen. No engem Autosakkzident verännert sech fir hien dat ganzt Liewen, seng Mamm läit am Koma, hien plënnert bei seng Tatta, allerdéngs huet hien nach ni eppes... Weiterlesen →

Vier zwei eins

Wann ech ee Buch liesen, mat deem ech am Ufank net waarm ginn, briechen ech d'Geschicht net of, ech liese weider, villäischt mécht et jo nach Klick ... Hei war dat leider net de Fall, ech sinn duerch de Klappentext op d'Buch opmierksam ginn. Allerdéngs hunn ech mir méi Action erwaart, de Schreifstil vun der... Weiterlesen →

Die Phantasie der Schildkröte

Die 'Phantasie der Schildkröte' ass éischter ee rouegt, nodenklecht Buch, genau ewéi d'Edith. Hatt huet 45 Joer, an ass mat sech selwer onzefridden, huet keng Frënn, a keng Liewensfreed. Divers Zwangsstéierunge bestëmmen säi Liewen. Hatt fonktionnéiert just. Enges Dages begéint hatt engem klenge Meedchen am Lift, hatt nennt sech Schneewittchen an huet zéng Joer. Och... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑