Dumplin‘

An dësem herrlechen Jugendroman léiere mir d'Willowdean kennen, vu senger Mamm gëtt hatt Dumplin genannt. Hatt ass déck an huet duerch säi Gewiicht Mannerwäertegkeetskomplexer. Doduerch dass seng Mamm Schéinheetskinnegin war, gëtt dat Ganzt nach verstäerkt. Hatt ass trotzdeem ee staarke Charakter, hatt steet zu senge Frënn a setzt sech fir se an. Et ass nees... Weiterlesen →

Kalte Seele, dunkles Herz

Virun dräi Joer sinn d'Schwësteren Cass an Emma spuerlos verschwonnen, e beemol steet d'Cass virun der Hausdier - allerdéngs ouni seng Schwëster. Den FBI huet vill Froen, verschidden Äntwerten vum Cass kléngen astudéiert. Wien schützt hatt? D'Psychologin Abby huet de Verdacht, dass hatt eppes ze verstoppen huet, et ass hinnen all bewosst, dass d'Emma just... Weiterlesen →

Outback

Mir gefalen Bicher déi sech am australeschen Outback ofspillen. D'Hëtzt, Dréchenheet, Bëschfeieren an op Waasser hoffen - dat gëtt den Thrilleren nach eng zousätzlech Portioun Drama. Et ass eng hëtzeg Atmosphär, all Dag ass e Kampf ëm d'Iwwerliewen! D'Gemidder sinn onberechenbar, et kann alles geschéien. Mir begleeden de Journalist Martin op Rivers End, hie wëll... Weiterlesen →

Die Stille des Todes

Dësen Thriller spillt sech am Baskenland of, en huet eng ganz eegen Atmosphär, ech krut richteg Loscht duerch Stroossen ze trëppelen an d'Kathedral mat eegenen Aen ze gesinn - Google huet mir e bëssen gehollef 😆 Et war beandrockend - d'Autorin kënnt sech zu Vitoria aus, et léiert een villes iwwert Feierdeeg an d'Kultur vum... Weiterlesen →

Dry

Ass Waasser Luxus? Mir sti moies op, botzen d'Zänn, huelen eng Dusch a mir maachen eis de Kaffi. Mir wäschen eis e puermol den Dag d'Hänn. Mir kachen Nudelen. Mir wäschen eis Autoen. Et ass selbstverständlech. Oder? No dësem Buch gesinn ech mäi Krunn mat aneren Aen - mat méi Respekt. D'Handlung spillt sech a... Weiterlesen →

Ein kleines Wunder würde reichen

Dëst Buch ass eppes ganz besonnescht - eis Protagonistin Jemma mécht d'Geschicht zu engem onvergiesslechen Erliefnis. Hatt ass gefaangen a sengem Kierper - komplett gelähmt, mäi säi Verstand ass voll do, hatt ass ee ganz intelligent Meedchen. Hatt brauch bei allem hëllefen, ech ka mir net virstellen, wéi fuerchtbar et muss sinn, andauernd op aner... Weiterlesen →

Ich vernichte dich

D'Melanie ass verzweifelt - hatt ass eng gutt Mamm, elo krut hatt vum Jugendamt säi Kand ewech geholl. Si sinn et ouni Virwarnung bei Dagesmamm siche gaangen ... D'Wunneng gouf vun der Police duerchsicht, et goufen Droge fonnt. Wien huet se do verstoppt? Et gëtt erzielt, hatt hätt säi Kand wéilten verkafen ... Hatt ass... Weiterlesen →

Die Mitternachtstür

Dem Dave Eggers säin éischt Kannerbuch - ech si verléift! Ech war séier fäerdeg mat liesen, d'Kapitelen si kleng gehalen - dat éischt besteet just aus engem Saz! De Gran muss mat sengen Eltere plënneren, säi Papp huet eng nei Aarbecht, mä déi leeft och net gutt. Säit engem Accident ass d'Mamm am Rollstull, si... Weiterlesen →

Borderland

Borderland huet mech iwwerzeegt - Buchcover, Klappentext an d'Geschicht tëscht den Deckelen, et war vu vir bis hannen perfekt! De Vincent ass op sech gestallt, säi Papp ass gestuerwen, d'Mamm huet Depressiounen a kënnt an d'Spidol. Hie muss no sech kucken, a gläichzeiteg Uschloss an enger neier Schoul fannen. Et ass schwiereg - Musek hëlleft... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑