Was perfekt war

Dësen Colleen Hoover-Roman ass anescht ewéi déi aner. Méi erwuessen, méi eescht. Mir léieren d'Quinn an de Graham kennen, d'Koppel ass schonn e puer Joer bestued, den Alldag huet sech ageschlach. Si hunn Bezéiungsproblemer, si schwätzen net mateneen. Dass de Kannerwonsch onerfëllt bleift mécht zumools d'Quinn fäerdeg, seng Verzweifung an d'Hoffnung déi ëmmer manner gëtt,... Weiterlesen →

Zurück ins Leben geliebt

D'Tate plënnert op San Francisco, hatt huet wëlles do ze studéieren. Déi éischt Zäit wunnt hatt bei sengem Brudder. De Miles ass en Aarbechtskolleg vu sengem Brudder, hien ass éischter en Eenzelgänger. A Réckblécker a seng Vergaangenheet gëtt de Lieser gewuer, firwat säi Charakter sech esou pessimistesch entwéckelt huet. Obwuel d'Tate weess, dass een Techtelmechtel... Weiterlesen →

Too late

Too late vum Colleen Hoover ass ganz aneschter ewéi seng aner Bicher. Et ass méi düster a méi bedreelech. D'Gefor ass op all Säit ze spieren. D'Geschicht ass voller Gewalt, et ginn Droge konsuméiert, Partyen gefeiert a gedealt. An d'Sloane ass matzendran - fräiwëlleg gezwongen an der Häll. Hatt wunnt mam Asa zesummen, well hien... Weiterlesen →

Nichts als Liebe im Universum

(D'Foto ass vu Pinterest, de Klappentext e Screenshot - mäi Buch huet sech anscheinend am Regal verstoppt, ech hunn et net fonnt 🙈) Et ass Summervakanz. De Matty lieft mat senger Famill op enger Farm zu Pennsylvania. Säi Papp interesséiert sech fir Ufoen an Aliens, hien ass een typeschen Verschwörungstheoriker. D'Stëmmung ass net ganz gutt,... Weiterlesen →

LIEBES KIND

Wow! Wat fir een Thriller, ee geet wierklech do un, wou anerer ophalen! Ech war vun der éischter Säit u gefesselt ... Fir d'éischt léiere mir d'Hannah kennen - hatt ass dem Lena säi Meedchen. Oder? D'Lena huet missen wéinst engem Akkzident an d'Spidol ageliwwert ginn, eng Infirmière probéiert Eenzelheeten vu sengem Meedchen gewuer ze... Weiterlesen →

Die Hassliste

Dëst Buch ass zimmlech hefteg! D'Valerie ass een Eenzelgänger, aus Spaass fänkt hatt un eng Lëscht ze schreiwen - eng Haasslëscht. Hatt mécht dat just fir Frust ofzebauen. Säi Frënd, den Nick fënnt d'Idee originell, hie fänkt un, och Persounen op d'Lëscht ze schreiwen. Mä fir hien ass et batteren Eescht - dat gëtt dem... Weiterlesen →

Die Flüsse von London

Den Humor vun dësem Buch ass very british, ech hunn dacks misse schmunzelen. De Peter Grant ass Polizist, seng Proufzäit ass eréischt zënter kuerzem eriwwer. Enges Dages trëfft hien op een aussergewéinlechen Zeien - ee Geescht. Seng ganz Welt gëtt op d'Kopp gestallt, ewéi et ausgesäit huet hien besonnesch Fähegkeeten. Dowéinst gëtt him dem Nightingale... Weiterlesen →

Nur noch ein einziges Mal

Puh, dëst Buch huet mech opgewullt hannerlooss - och wann et ëm d'Léift geet, d'Geschicht spillt eis keen Friede, Freude, Eierkuchen vir. D'Autorin schwätzt een heikelt (a wichtegt Thema) un, dat verdéngt Respekt. Am Lily sengem Liewen spillt häuslech Gewalt eng grouss Roll - an der Vergaangenheet an och an der Géigewaart. Et ass ganz... Weiterlesen →

Remember Mia

Remember Mia - et steet Thriller drop. De Buchcover gesäit no Thriller aus - de Klappentext léisst eis un een Thriller denken. Mee tëscht de Buchdeckelen stécht eng gewalteg Portioun Drama. No engem schwéieren Autosakkzident kënnt d'Estelle an engem Spidol zou sech, hatt erënnert sech un näischt méi - just dass säi Meedchen Mia (7... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑