Auris

Direkt am Ufank vum Buch kréie mir e klengen Abléck an dem Matthias seng Aarbecht, hien ass akusteschen Profiler. Kuerz drop erkläert hien sengen Aarbechtskollegen, de Polizisten, dass hien eng Fra ëmbruecht huet. Hie kënnt an de Prisong. D'Jula huet e Podcast, hatt huet et sech zur Aufgab gemaach Justizaffer ze fannen an d'Fäll opzedecken. … Auris weiterlesen

Der Insasse

Der Insasse - natierlech ass d'Buch typesch Sebastian Fitzek! Dem Till säi Bouf Max ass spuerlos verschwonnen, et gesäit dono aus, ewéi wann hien een Affer vum Guido Tramnitz ginn ass. De Mäerder setzt am Geckenhaus a schwätzt net iwwert seng Doten. Aus dësem Grond wëll den Till sech aweise loossen, hien wëll vum Guido … Der Insasse weiterlesen

Die Legende der besonderen Kinder

  Dem Ransom Riggs seng 'Legenden der besonderen Kinder' ass eng kleng Märchesammlung. De Buchcover ass fantastesch, gréng a stralend gëllen - ee richteg klengt Schmockstéck! D'Spannung fänkt net bei der éischter Geschicht un, den Impressum an d'Virwuert si scho liesenswäert. Do gëtt zum Beispill erwähnt, dass een déi drëtt Geschicht net däerf vun hanne … Die Legende der besonderen Kinder weiterlesen

Mutterblut

Dësen Thriller versprécht schonn eleng duerch de Cover, den Titel an de Klappentext eng bluddeg Lektüre. Déi éischt Säiten vum Buch gi scho mat der kranker Siichtwäis vum Mäerder un, de Lieser weess direkt, wat op en duerkënnt. Ech sinn éierlech, ech hat e puer Schwieregkeeten an d'Buch eranzekommen, ech hunn et souguer eemol ofgebrach, … Mutterblut weiterlesen

Escape

De Klappentext an déi éischt puer Säiten verroden eis scho ganz vill - et gëtt traumatesch. Fir d'Lainey, fir dat vermësstent Meedchen a fir de Lieser. Virun 10 Joer ass d'Lainey gerett ginn, hatt war 3 Joer laang an engem Keller gefaangen. Bei senger Rettung war eng Saach fuerchtbar schlëmm - hatt war schwanger! Elo, … Escape weiterlesen

Stiefkind

  Dëst Buch hat fir mech leider net wierklech eppes vun engem Thriller, ech hu mir vill méi erwaart. Ech si mir virkomm, ewéi wann ech eng Rees an d'Vergaangenheet gemaach hätt. Virun fofzéng Joer dorëmmer, hunn ech d'Gaslicht Groschenromaner gäre gelies. Dir wësst schonn - eng Fra aus der Ënnerschicht, verléift sech an ee … Stiefkind weiterlesen