Slayer

A menger Jugend war d'Buffy meng Heldin, ech hu keng Folleg vun där Serie verpasst! O, wat war ech an de Spike verknallt ... Ech war ganz aus dem Haischen ewéi ech matkritt hunn, dass den Drachenmond-Verlag e Buch aus dem Buffy-Universum erausbréngt. Déi al Uspillungen sinn eng Freed fir Fans, et war flott nees... Weiterlesen →

Spuren von Licht

Dëse Roman aus dem Drachenmond Verlag ass tragesch. Traureg - mat enger klenger Portioun Mystery. D'Phina verléiert bei engem Autoaccident seng beschte Frëndin Lara. Hatt ass um Enn, seng Trauer mécht et him schwéier d'Liewen nees ze liewen. Seng stabil Bezéiung mécht keng Freed méi - Gott sei Dank suergt seng Aarbecht als Schouljoffer fir... Weiterlesen →

Khaos

Khaos ass e Science-Fictioun-Roman aus dem Drachenmond Verlag. Ech liesen dee Genre relativ wéineg, ech kann awer soen, dass dëst Buch e vu menge Favoritten ass. Mir huet d'Bedeitung tëscht den Zeile gefall. D'Daya huet et net einfach, hatt lieft op engem Gefängnisplanéit. Och déi aner Bewunner hunn et schwéier, si sinn scho laang op... Weiterlesen →

Adriana – Zwischen den Welten

Adriana - Zwischen den Welten ass e fantasteschen Roman aus dem Drachenmond Verlag. Mir begleeden eis Protagonistin op engem laange Wee, hatt ass well 300 Joer al. Mir léieren hatt a senge jonke Joeren kennen - hatt verléift sech an ass iwwerglécklech. Duerch tragesch Ëmstann verléiert hatt den Nathan erëm, seng Famill schéckt hatt an... Weiterlesen →

Magie aus Gift und Silber

Mat dësem Buch aus dem Drachenmond Verlag maache mir nees en Ausfluch an déi griechesch Mythologie. Eigentlech wollt ech just kuerz eraluussen - an dunn hat ech d'Geschicht ausgelies, d'Rya hat mech fest am Grëff. Hatt war ganz, ganz laang eng Statue, e Museum war säin Doheem. Schlëmm dorunner war, dass hatt alles matkritt huet,... Weiterlesen →

Das Vermächtnis der Grimms

Dëst Buch ass duerch seng dräi verschidden Erzielsträng an Zonen zimmlech schwéier ze liesen - et ass awer all Säit derwäert. Am 14te Joerhonnert léiere mir d'Masali kennen, si liewen an engem verstopptene Klouschter. Et si just e puer Männer a Fraen. Si erzielen Geschichten, déi dann an eis Welt entlooss ginn. D'Masali liewen am... Weiterlesen →

Rotkäppchen und der Hipster-Wolf

Dëst Buch ass kee Märchen - et sinn der ganz vill beieneen. Se si vermëscht mat eiser moderner Zäit, ech hu vill iwwert den herrlechen Humor missen laachen! Mir léieren Prinzessine kennen, d'Rotkäppchen (d'Red), den Hook, de Märchewald, Wonderland, Neverland a sou vill méi - et gëtt allerlee ze entdecken! 😀 D'Prinzessine sinn ausser sech,... Weiterlesen →

The Lie She Never Told

Wat ass nëmmen mam Emma passéiert? Huet seng beschte Frëndin Faith hatt tatsächlech ëmbruecht, oder gouf hatt zu Onrecht beschëllegt? Seng Läich gouf jo ni fonnt ... No e puer Joer kënnt hatt nees a seng Heemecht - prett sech der Vergaangenheet ze stellen an erauszefannen, wat mam Emma passéiert ass. Natierlech gëtt d'Faith net... Weiterlesen →

Räuberherz

Die Schöne und das Biest - mol ganz anescht! Zimmlech düster ... Dës Versioun vun der Autorin huet mech begeeschtert, ech hunn et inhaléiert, esou wéi de Protagonist Crys Liewensenergie brauch 😆 D'Ella lieft an enger verloossener Bud, säi Papp ass ee Sëffer a Spiller, do huet hatt wéinstens seng Rou! Awer net laang -... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑