Annähernd Alex

Ech hunn erëm ee Königskind fir Iech ❤ Wéi heescht deen ale Film mam Meg Ryan an dem Tom Hanks? Ass dat Email für dich? Si kënne sech am reale Liewen net ausstoen - iwwert Emailkontakt verléife se sech aneneen. Et ass schonn eng Zäitchen hier, dass ech e gekuckt hunn, mä bei dëser Geschicht,... Weiterlesen →

Eine Geschichte der Zitrone

Fir d'éischt hunn ech geduecht, dëst Buch wier d'Geschicht vun zwee Meedercher, déi op der Sich no Frëndschaft sinn - ech hu mech geiert. Fir zweet ass mir den Toun opgefall, en ass säiteweis zimmlech trauresch a melancholesch. Et ass ee Buch iwwer Trauer a Frëndschaft. D'Calypso lieft mat sengem Papp zesummen - d'Mamm ass... Weiterlesen →

Dieser Augenblick, erschreckend und schön

Puh, dëst Buch huet mech fäerdeg gemaach - nodeems ech der Autorin hiert Nowuert gelies hunn, hunn ech ugefaangen mat kräischen. An dat net nëmmen e bëssen! Leider hunn ech d'Buch vill ze séier gelies, wann ech gewosst hätt, wat mech erwaart - ech hätt mir vill méi Zäit gelooss. D'Emotioune genoss. Ech kann Iech... Weiterlesen →

Nicht nur ein Liebesroman

'Nicht nur ein Liebesroman' ass ewéi den Titel et scho seet, net nëmmen ee Liibesroman. Et ass Säit fir Säit eng Liibeserklärung un d'Léift an alle Facetten. Et huet mir richteg Spaass gemaach dëst Buch ze liesen, ech hu mech wuelgefillt. Et huet sech e bëssen no "heemkommen" ugefillt. D'Sloane a seng Famill ware mir... Weiterlesen →

Foster vergessen

De Foster ass geckeg no sengem Papp - si sinn een Häerz an eng Séil. Säi Papp ass ee wonnerbare Geschichtenerzieler, de Foster fënnt et ufanks nach witzeg, dass hien de Fuedem beim erzielen verléiert. Oder de Speck an der Pan vergësst a Saache vertesselt. Nodeems e sech an der Stad verluer huet, an de... Weiterlesen →

Der Koffer

'Der Koffer' huet mech iwwerascht - d'Geschicht gëtt aus zwou Perspektiven erzielt, fir d'éischt léiere mir den Julian kennen, hie schéngt zimmlech verluer ze sinn, e war mir direkt sympathesch. Hien ass een typeschen Eenzelgänger, an der Schoul huet hien et net einfach. Zënter, dass seng Eltere gestuerwen sinn, liewt hie bei sengem Monni -... Weiterlesen →

Milchmädchen

An dësem Buch spillen net nëmmen eis zwee Protagonisten eng grouss Roll, d'Geschicht gëtt vun engem Dozen Kéi zesummengehalen. Mir huet dem Gemma seng charakterlech Entwéckelung gutt gefall, ufanks ass hatt just ee Matleefer - mat der Zäit setzt hatt sech fir seng Prinzipien an. Dës Entwéckelung huet mam Kate ze dinn - vu senge... Weiterlesen →

Café Morelli

Typesch Königskinder - et verstoppt sech nees ee Schatz tëscht dem Schutzëmschlag. An och tëscht de Buchdeckelen. Mir léieren den Joe a seng Famill kennen - italienesch Waliser, déi ee Café hunn. Well e schlecht leeft, decidéiert dem Joe seng Mamm sech, de Café ze verkafen ... Mä muss dat wierklech sinn? En huet schliisslech... Weiterlesen →

Der Wahn

Wann een de Buchcover kuckt, an de Klappentext liest, ass dem Lieser net bewosst, dass eng hefteg Geschicht op en duerkënnt! Et geet ëm zwee Teenager - Rose an de Michael, d'Geschicht fänkt mat hierer éischter Kéier un. D'Erzielung gëtt an der drëtter Persoun erzielt - ech denken, dës Distanz ass gutt ... Mir léieren... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑