Dëst Jugendbuch thematiséiert psychesch Erkrankungen - esou real, dass et scho beängstegend ass. Et war hefteg, mir sinn d'Schudderen de Réck erof gelaf. Ech hunn et erschreckend fonnt, ewéi gutt ech mech mat der Protagonistin identifizéiere konnt - mat senge Gefiller an de Monsteren, déi hatt bekämpfe muss. Nodeems Tamar gewuer gëtt, dass seng Frëndin … Auf einer Skala von 1 bis 10 weiterlesen
Kategorie: Chicken House
play2live
An dësem Internat ass et net ewéi bei Hanni und Nanni, et gi keng Mitternachtssnacks, d'Schüler spillen ee Killer-Spill. Et ass ganz harmlos, ee Rollespill. Eigentlech ... Wien ass de Mäerder? Wien ass een Affer? Net jiddereen däerf bei den Assassinen dobäi sinn, d'Spiller ginn ausgewielt. D'Cate ass iwwerglécklech, dëst Joer ass hatt mat vun … play2live weiterlesen
Scarlett- Ein Löffelchen Geheimnis und der Duft von Magie
Dem Scarlett seng Geschicht ass einfach - a mécht Appetit op méi. Ech géif Iech uroden d'Buch net op eidele Mo ze liesen - dee kéint nämlech schéin mat grommelen ufänken. Mä gutt, d'Waasser leeft Iech sou oder sou am Mond zesummen. Wie post da Fotoe vu senge Kanner op Facebook? Oder kleng witzeg Anekdoten … Scarlett- Ein Löffelchen Geheimnis und der Duft von Magie weiterlesen
Moondust
Sciene Fiction ass net esou menges, mä de Buchcover vun Moondust huet mech schéin ugelaacht. D'Geschicht ass net nëmmen fantastesch, de Message huet een eeschthaften Hannergrond. D'Aggie schafft op der Moundstatioun Lunar Inc, do gëtt Energie gewonnen, déi alles op der Äerd undreiwt - Lumite. Kee weess, dass hatt virun zéng Joer eng Berühmtheet war, … Moondust weiterlesen