Obsidian-Reihe

Mat dëser Bicherrei huet d'Jennifer L. Armentrout mech begeeschtert, ech war direkt süchteg. D'Charakteren, d'Geschicht - et passt alles. D'Katy, eng Buchbloggerin ass frësch a West Virginia geplënnert, seng Mamm ass der Meenung, dass der Famill een Neiufank gutt deet. Op der Sich no uerdentlechem Internet mécht hatt d'Bekanntschaft mat sengem granzegen Noper Daemon a... Weiterlesen →

Auf einer Skala von 1 bis 10

Dëst Jugendbuch thematiséiert psychesch Erkrankungen - esou real, dass et scho beängstegend ass. Et war hefteg, mir sinn d'Schudderen de Réck erof gelaf. Ech hunn et erschreckend fonnt, ewéi gutt ech mech mat der Protagonistin identifizéiere konnt - mat senge Gefiller an de Monsteren, déi hatt bekämpfe muss. Nodeems Tamar gewuer gëtt, dass seng Frëndin... Weiterlesen →

Niemalswelt

Und täglich grüsst das Murmeltier ... Nom Jim sengem Dout, huet d'Bee sech vu senger aler Clique distanzéiert, hatt war léiwer fir sech. Ëmou iwweraschender, dass hatt sech dofir entscheed, de Weekend mat senge Frënn ze verbréngen. Si wëllen ee Gebuertstag zesumme feieren - mä et kënnt ganz anescht. No engem Concert entgi si knapp... Weiterlesen →

Annähernd Alex

Ech hunn erëm ee Königskind fir Iech ❤ Wéi heescht deen ale Film mam Meg Ryan an dem Tom Hanks? Ass dat Email für dich? Si kënne sech am reale Liewen net ausstoen - iwwert Emailkontakt verléife se sech aneneen. Et ass schonn eng Zäitchen hier, dass ech e gekuckt hunn, mä bei dëser Geschicht,... Weiterlesen →

Eine Geschichte der Zitrone

Fir d'éischt hunn ech geduecht, dëst Buch wier d'Geschicht vun zwee Meedercher, déi op der Sich no Frëndschaft sinn - ech hu mech geiert. Fir zweet ass mir den Toun opgefall, en ass säiteweis zimmlech trauresch a melancholesch. Et ass ee Buch iwwer Trauer a Frëndschaft. D'Calypso lieft mat sengem Papp zesummen - d'Mamm ass... Weiterlesen →

Dieser Augenblick, erschreckend und schön

Puh, dëst Buch huet mech fäerdeg gemaach - nodeems ech der Autorin hiert Nowuert gelies hunn, hunn ech ugefaangen mat kräischen. An dat net nëmmen e bëssen! Leider hunn ech d'Buch vill ze séier gelies, wann ech gewosst hätt, wat mech erwaart - ech hätt mir vill méi Zäit gelooss. D'Emotioune genoss. Ech kann Iech... Weiterlesen →

Nicht nur ein Liebesroman

'Nicht nur ein Liebesroman' ass ewéi den Titel et scho seet, net nëmmen ee Liibesroman. Et ass Säit fir Säit eng Liibeserklärung un d'Léift an alle Facetten. Et huet mir richteg Spaass gemaach dëst Buch ze liesen, ech hu mech wuelgefillt. Et huet sech e bëssen no "heemkommen" ugefillt. D'Sloane a seng Famill ware mir... Weiterlesen →

play2live

An dësem Internat ass et net ewéi bei Hanni und Nanni, et gi keng Mitternachtssnacks, d'Schüler spillen ee Killer-Spill. Et ass ganz harmlos, ee Rollespill. Eigentlech ... Wien ass de Mäerder? Wien ass een Affer? Net jiddereen däerf bei den Assassinen dobäi sinn, d'Spiller ginn ausgewielt. D'Cate ass iwwerglécklech, dëst Joer ass hatt mat vun... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑