Unschuldig

An dësem Buch gëtt mat engem reale Phänomen gespillt, et ass tatsächlech wouer, dass et Prisongsfrae gëtt. Si fänken Bréiffrëndschaften mat (bekanntene) Mäerder un. Verléiwe se. Bestuede sech. Duerch de Prisong hu se déi néideg Distanz a fille sech a Sécherheet. Am Buch ass et net esou - eis Protagonistin kämpft fir seng grouss, agespaarte... Weiterlesen →

Die Wälder

All Duerf huet seng Geheimnisser - an een grujelegen Bësch. Am Melanie Raabe sengem Buch geet et ënnert anerem ëm e verschwonnent Meedchen. An e Familljegeheimnis. Ewéi d'Nina gewuer gëtt, dass säi beschte Frënd Tim gestuerwen ass, brécht hatt zesummen. Al Wonnen ginn opgerappt. Hatt ass verzweifelt, hien huet virun sengem Dout probéiert un hatt... Weiterlesen →

Herzenskalt

Herzenskalt ass den Ufank vun enger Rei, mir wäerten nach villes vum Marnie, dëser taffer Polizistin liesen. Ech sinn op jidde Fall gespaant, wéi et privat mat dëser Ermëttlerin virugeet, d'Niewegeschicht mat sengem Pflegebrudder ass et definitif derwäert, ech géif mir souguer wënschen, dass dës Geschicht an engem eegene Band thematiséiert gëtt. Potenzial ass dofir... Weiterlesen →

Marie

Zum Steven Uhly sengem Buch fält mir spontan direkt ee Wuert an - Wow! Ech hunn Marie an engem Rutsch duerchgelies, ech konnt awer net direkt driwwer schreiwen. Et huet vir d'éischt missen e bëssen sacken. Et ass eng zimmlech hefteg Geschicht. Hefteg, well se no un der Realitéit spillt. E puer Säiten gi schonn... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑