Der König der Schatten

Wann ech Bicher liesen, déi ganz fréi an der Zäit spillen brauch ech en Ament fir eranzekommen. Hei spillt sech d'Geschicht ëm 900 of, et ass also e komplett anere Liewensstil a Standard. Mä et war ok, ech hat keng Schwierigkeeten. Säiteweis ass et zimmlech hefteg, ech war dacks schockéiert - dat passt awer, eppes... Weiterlesen →

De Charly

D'Charly-Bicher hu mengem klenge Meedchen eng grouss Freed gemaach, hatt kuckt sech se dacks un a rätselt mat. Et ginn zwee där Bicher: De Charly a seng kleng Frënn De Charly a seng grouss Frënn Et gëtt ganz vill z'entdecken, de Bësch, Déieren - d'Natur eben. Op spilleresch Aart a Weis léieren d'Kanner vill nëtzlech... Weiterlesen →

Wie ein Schatten hinter dir

Dem Brina Hope säi Roman huet fir vill Gänsehaut bei mir gesuergt, de Klappentext huet mech virwëtzeg op d'Geschicht tëscht de Buchdeckele gemaach. Mir léieren d'Amy kennen, hatt ass eng sympathesch jonk Fra an nach op der Sich nom Mann fir d'Liewen. Seng Schwëster ass säin Häerzensmënsch - dofir erzielt hatt him direkt, dass Blummen... Weiterlesen →

Der Amok-Insasse

Ewéi ech dëst Buch op engem Bicherblog fonnt hunn, wosst ech direkt, dass ech et liese muss. Et kënnt aus dem Selbstverlag, den Autor nennt sech Bastian Litsek. Zoufall? Bestëmmt net. Gëtt den Sebastian Fitzek op d'Schëpp geholl oder stécht hien ieren selwer hannert dësem opfällegem Pseudonym? Do kënne mir nëmmen spekuléieren. Parallelen zu senge... Weiterlesen →

Poppy

Poppy vum Astrid Korten bleift engem nach laang am Gedächnis - d'Geschicht huet nämlech real Hannergrënn. Sensibel Mënschen kéinten getriggert ginn, Respekt un d'Autorin, dass si dës Thematik op d'Tapéit bruecht huet. Et war bestëmmt schwéier. Sexuelle Mëssbrauch ass heikel, ech fannen et eng Sauerei, dass en haut nach ëmmer ënnert den Teppech gekiert gëtt.... Weiterlesen →

Zuckerwattewolken und andere Irrtümer

D'Liewen ass kee Wonschkonzert - des Erfarung muss d'Diana, eis Protagonistin maachen. D'Geschicht gëtt aus senger Perspektiv erzielt, esou léiere mir hatt, seng Gedanken, Dreem a Wënsch am beschten kennen. D'Liewen huet vill Iwweraschungen fir eis parat a genee dorëms geet et an dësem Buch. Et kënnt dacks anescht wéi e mengt. D'Diana huet d'Nues... Weiterlesen →

A.S. Tory und die verlorene Geschichte

An dësem Buch ass alles vertrueden - Zäitreesen, Geheimnisser a Rätselen. D'Geschicht gëtt aus dem Sid senger Perspektiv erzielt, et war schéin mat him op Reesen ze goen. Ufanks duecht ech, ech hätt den éischte Band erwëscht, mä ech mengen do feelt awer een. Mir hunn gewëssen Hannergrondinformatioune gefeelt - dat huet mech awer net... Weiterlesen →

Die Träne der Zauberschen

Dem Ian Cushing säi Roman kënnt aus dem Selbstverlag - an en ass wierklech staark! Ech war iwwert seng gewalteg Sprooch iwwerascht a wëll onbedéngt nach méi Bicher vun dësem Autor liesen. D'Geschicht spillt an der Vergaangenheet (1611) an an der Géigewaart. Et geet ëm vermeintlech Hexen, Hexenprozesser an uerg Strofen. Et geet ëm Vergeltung... Weiterlesen →

Whisper – I love you

Dëse Roman vum Mila Olsen huet mech iwwerascht, ech wosst zwar, dass et keng einfach Geschicht wäert ginn - mä d'Emotiounen hu mech iwwerullt. D'Buch ass traureg. Voller Liewen - a kéint sensibel Mënschen triggern. Et gëtt ënnert anerem och ëm Suizid. D'Kansas gëtt esou uerg gemobbt, dass hatt opgehalen huet mat schwätzen. Ausserdeem huet... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑