Der Kinderflüsterer

Der Kinderflüsterer ass e soliden Thriller mat enger gudder Portioun Mystery. Den Tom brauch nom Dout vu senger Fra een Neiufank. Zesumme mat sengem Jong Jake plënnert hien an een alt Haus mat Charme. Déi kleng Stad Featherbank huet eng donkel Vergaangenheet, virun 20 Joer si kleng Kanner verschwonnen. An och ëmkomm. De Mäerder ass … Der Kinderflüsterer weiterlesen

Die Sekte

D'Sofia ass mat sengem Studium fäerdeg, hatt huet keng Aarbecht an eng schwéier Trennung hannert sech. Hatt léiert de Franz Oswald kennen, e charmante Mann mat enger ganz eegener Liewensastellung, déi hie mat engem Grupp vu Leit op enger Insel praktizéiert. Ewéi d'Sofia d'Méiglechkeet huet eppes op Via Terra opzebauen an ze schaffen, zéckt hatt … Die Sekte weiterlesen

Runas Schweigen

Fir Runa ze liesen, hunn ech vill Gedold gebraucht - mä d'Thematik huet mech interesséiert! 1884 De renomméierte Dokter Charcot experimentéiert un hysteresche Patientinnen, hie sicht no Behandlungsmethoden. Präsentéiert gëtt dee ganze Spektakel viru Publikum. Et ass scho bal Folter, wat se an där Zäit ënnert dem Schutzmantel Medizin bedriwwen hunn. Wou ass d'Mënschlechkeet gewierscht? … Runas Schweigen weiterlesen

Secret Sins

Secret Sins ass dem Geneva Lee säi perséinlechste Roman - ech weess och firwat ... D'Geschicht erënnert eis drun, dass mir all mat klengen a groussen Dämonen ze kämpfen hunn. Beim Faith, der Protagonistin sinn dat Drogen. Hatt besicht eng anonym Selbsthëllefgrupp - a mécht d'Bekanntschaft mam Jude, hien ass nei. Hien ass dem Faith … Secret Sins weiterlesen

Tattoo

D'Ruth Lake an de Greg Carver schaffen zesummen un engem Fall - dee vum Dornenkiller. Hien tättowéiert seng Affer - ouni Spueren ze hannerloossen. Wéi ee Motiv huet hien? Oder mécht hien dat just fir Spaass ze hunn? E spillt mat de Polizisten, een Affer gläicht dem Carver senger Fra, ewéi eng Drëps Waasser. Hie … Tattoo weiterlesen

Perfect Girlfriend

Dëse Psychothriller ass interessant ... Firwat? Et läit un der Siichtwäis, eis Protagonistin Juliette ass Stalkerin. Déi éischt Säiten, loossen eis ee kuerze Bléck an d'Vergaangenheet geheien, ech denken, dëst traumatescht Erliefnis huet de Grondsteen fir seng psychesch Problemer geliwwert ... E puer Joer dono ... Mir gegleeden hatt op sengem Léiergang fir Stewardess ze … Perfect Girlfriend weiterlesen