Deine letzte Lüge

D'Anna ass zënter kuerzem Mamm - duerch dësen Ëmstand muss hatt dacks u seng verstuerwen Elteren denken, si hu sech an Ofstänn vun e puer Méint an den Dout gestierzt! Si hate keng Geldsuergen, depressiv schéngen se och net gewierscht ze sinn. Oder? Hatt kritt eng Postkaart, déi hatt um Fräidout zweifele léisst. Goufe seng... Weiterlesen →

Cinder & Ella

Wann ech erëm wéilt u Märche gleewen - dëst Buch hätt d'Potenzial dozou! ❤ Et huet mech déif beréiert, vill Emotioune lassgelooss. D'Geschicht ass eng modern Cinderella-Versioun, et si vill Parallelen am Buch ze fannen - déi béis Stéifmamm a Stéifschwësteren, zum Beispill. Mir ginn vun dëse Charakteren iwwerrascht, se hunn gutt Qualitéiten - et... Weiterlesen →

Wie die Stille unter Wasser

Wann Dir gären New Adult Romaner liest - mat dem Brittainy C. Cherry senge Bicher sidd Dir op der richteger Plaz. D'Geschicht fänkt ganz roueg an harmlos un - an da gëtt de Lieser an d'kalt Waasser geschmass. D'Maggie ass (niewt dem Brooks) ee vun eise Protagonisten. Mir léieren hatt schonn am Alter vu 6... Weiterlesen →

Ich bin die Nacht

Ich bin die Nacht ass deen éischten Deel vun enger Bicherrei, d'Geschicht vum Francis Ackermann, engem Serienkiller huet mech esou gefesselt, dass ech déi aner Deeler och liese wëll. Niewt dësem brutalen, an awer interessantene Protagonist, spillt och de Marcus eng grouss Roll am Buch. De Lieser weess laang net, wat säin Handlungsstrang mam Recht... Weiterlesen →

Save you

Den zweeten Deel vum Mona Kasten senger Trilogie, ass nach ee bësse besser ewéi den éischten Deel. D'Ruby ass sengem Dram Oxford méi no komm, hatt verdréit sech mat der Zäit nees mam James - och wann dat net vu laanger Dauer ass. Hoffe mir alt, dass den drëtten Deel hinnen een Happy-End schenkt. No... Weiterlesen →

Save me

Dëse Roman vum Mona Kasten huet e bëssen vu Cinderella a sech - een aarmt Mädchen aus der Ënnerschicht trëfft ee räichen, arrogantene Schnösel. Et ass dem Ruby an dem James hier Geschicht. Ewéi esou dacks an dëse Romaner, kënne sech déi zwee Protagonisten fir d'éischt guer a glat net richen. Mëssverständnisser suergen dofir, dass... Weiterlesen →

Die stille Kammer

Dësen Psychothriller ass wierklech net schlecht - och wann e säiteweis liicht konstruiéiert wierkt. Heiansdo ass et e bëssen zevill ... Ech hu mech allerdéngs gutt ënnerhale gefillt. D'Susan fänkt no senger Entloossung aus der forensescher Psychiatrie een neit Liewen un. Hatt war e puer Joer agespart, seng postnatal Depressioun huet hatt dozou bruecht, säi... Weiterlesen →

Die Oberfläche des Glücks

Dëst Buch kéint een duerch säin einfache Klappentext liicht verpassen, et stécht nämlech vill méi dran, wéi een ufanks mengt. D'Geschicht huet eis wierklech vill ze bidden, ech war iwwerascht. D'Avery an de Colin hunn net nëmmen d'Schwammen gemeinsam - si hunn och ee Fligerongléck iwwerliewt. Et ass eng emotional Geschicht, mir erliewen den Ofstuerz... Weiterlesen →

Girl with no past

Dëst Buch war voller Geheimnisser, dat huet mir ganz gutt gefall! Eis Haaptprotagonistin Leah huet a senger Jugend eppes schlëmmes, traumatesches erlieft, hatt fillt sech och haut nach schëlleg dowéinst. Wat genee dat ass, an op hatt tatsächlech Schold op sech gelueden huet, liese mir eréischt zum Schluss vun dëser Erzielung. E beemol fillt hatt... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑