Lifehack

Wat mir um June Perry senge Bicher am beschte gefält, sinn d'Zukunftsvisounen - och an dësem Buch geet et nees ëm kënstlech Intelligenz. An der Schoul begéint d'Ellie dem Ada, hatt ass him ewéi aus dem Gesiicht geschnidden. Hatt wëll dem Ellie säi Liewen iwwerhuelen an endlech e richtege Mënsch sinn. Geléngt him dat? D'Ellie... Weiterlesen →

Die Stille zwischen den Sekunden

D'Mara ass dem Dout sou just vun der Schëpp gesprongen, hätt hatt d'U-Bahn kritt, wier hatt en Affer vun enger Bommenattack ginn. Et war een traumatescht Erliefnis, alles huet sech verännert - säi Charakter a seng Siichtweis op d'Welt. Hatt huet d'Kontroll iwwert seng Gefiller verluer. Hatt huet iwwerlieft - seng Gedanken sinn awer net... Weiterlesen →

Consider – Das Portal

Dëst Buch ass den éischten Deel vun enger Dilogie. Eis Protagonistin Alex huet Panikattacken an Zwangsstéierungen - et hëlleft senger psychescher Verfaassung net, dass beemol Portaler an der ganzer Welt erschéngen. Hologrammer warnen d'Bewunner - ee Komet ass um Wee a wäert déi ganz Welt zerstéieren. Et gëtt awer eng Léisung - duerch d'Portal trëppelen,... Weiterlesen →

Die Duftapotheke

Wéiee Geheimnis gëtt et an der Villa Evie z'entdecken? D'Luzie ass mat sengen Elteren a sengem klenge Brudder Benno frësch erageplënnert, him fält direkt op, dass dat alt Haus geheimnisvoll richt. All Zëmmer huet säin eegene Geroch - alt méi, alt manner. Huet et villäischt domat ze dinn, dass de granzege Gärtner ee riisegt Gewächshaus... Weiterlesen →

All of this is true

All of this is true ass ee wierklech interessant geschriwwent Buch - dat läit wahrscheinlech un der Schreifweis. D'Perspektive ass ongewéinlech ... D'Geschicht gëtt just aus Zeitungsartikelen, Interviewen, Emailen, Dagebuchauszich, etc, erzielt. Doduerch fillt de Lieser sech liicht voyeuristesch. Säit fir Säit - lues awer sécher, kënnt eng dramatesch Wourecht un d'Liicht. D'Schoulfrënn Soleil, Miri,... Weiterlesen →

White Maze

Fir d'alleréischt wëll ech Iech eppes iwwert de Schreifstil vun dësem Buch erzielen - d'Autorin huet ee liicht philosopheschen Toun drop. D'Protagonistin Vivian stellt sech nämlech direkt op der éischter Säit eng existenziell Fro. Wie sinn ech? Wie sinn ech wierklech? Wat ass real? Nodeems hatt sech virgestallt huet, fält dem Lieser op, dass hatt... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑