Dissapeart

Als Kand wollt ech an en Internat goen, Hanni und Nanni huet mech faszinéiert. Eis Protagonistin Freya fillt sech allerdéngs onwuel a senger neier Schoul - eng Matschülerin, d'Maria ass verschwonnen. Wat ass geschitt? Gouf hatt ermuerd? Oder ass hatt fortgelaf? Dës Dot léisst dem Freya keng Rou, hatt probéiert ze verstoen, wat dem Meedchen... Weiterlesen →

Rose Snow Dilogie des Spiels

Dës Dilogie vum Autorenduo Rose Snow ass magesch. Fir nach e bëssen besser an d'Geschicht eranzetauchen gëtt et e klengt Bichelchen - e Prequel. Mä et muss een en net onbedéngt liesen. Mir huet et gehollef ze verstoen, firwat d'Pheobe net gären ob d'magesch Universitéit wëll goen. An all Eck laueren al Bekanntschaften a schlecht... Weiterlesen →

Wir können alles sein

Dëst Buch ass eng Libeserklärung un d'Léift. Et ass schwéier d'Geschicht aus der Hand ze leeën, d'Emotioune rappen e mat. D'Geschicht ass melancholesch. Ewéi d'Carolina d'Brida kenneléiert, schléit de Blëtz an - et ass Léift op den éischte Bléck. Allerdéngs besteet en Altersënnerscheed vun 20 Joer. Wäerte si zueneen fannen? Et ass e laange Wee... Weiterlesen →

The Grace Year

Menger Meenung no ass Grace Year e Jugendroman fir jonk Fraen - zumools Teenager. Et geet ëm Selbstbestëmmung, Famill, Dreem, Magie a Liewensqualitéit. Ëm d'Wandlung vu Meedchen zur Fra. De Verglach mat Tribute von Panem (deen ech iergendwou gelies hunn) ass guer net esou verkéiert. Am Grace Year entscheed sech d'Zukunft vun den Teenager, déi... Weiterlesen →

Mind Games

Am Luna senger Welt ass alles virtuell - d'Schoulen, d'sozialt Liewen, de Sport a villes méi. Mä hatt ass e Verweigerer, hatt mécht näischt online - souguer säin Auto muss selbststänneg gesteiert ginn. Et ass eng eidel Welt, Gott sei Dank ass se net real. D'Iwweraschung ass immens, ewéi eng grouss Computerfirma him eng Aarbecht... Weiterlesen →

In Ewigkeit

De Buchcover vum Ian Cushing sengem Roman ass schlicht - schwaarz a mam Onendlechkeetszeechen. An awer kéint ech mir e stonnelaang ukucken. Och de Klappentext versprécht eng interessant an nodenklech Geschicht. Mä wat fënnt de Lieser tëscht de Buchdeckelen? Déi philosophesch Zwëschentéin gefale mir op jidde Fall ganz gutt, et ass e Genoss tëscht den... Weiterlesen →

Verity

D'Colleen Hoover huet sech verännert, déi zwee lescht Bicher gehéieren éischter an de Beräich Psychothriller ewéi New-Adult. Dat gefält mir! De Schluss vum Buch war iwweraschend - a passt bei den Titel. Verity ass nämlech net nëmmen den Numm vun der Antagonistin, et ass och d'Wourecht. An dës gëtt bis zur leschter Säit falsch vum... Weiterlesen →

Uterus – Ein Köln Krimi

Titel a Buchcover wierken villäicht e bëssen ofschreckend, mä et weist dem Lieser direkt, dass mir et net mat engem Libesroman ze dinn hunn! Zevill erzielen kann ech net - soss verroden ech scho bal alles ... D'Handlung gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, et geet ënnert anerem ëm de Polizist Mark. Hien këmmert sech ëm... Weiterlesen →

Die Sekte 2

Spoileralarm! Wann Dir den éischten Deel nach net gelies hutt - net weiderliesen. D'Sofia huet et geschafft, hatt ass Via Terra entkomm, de Sektenführer Franz gëtt ugeklot a viru Geriicht gestallt. Eigentlech kéint d'Sofia elo optimistesch an d'Zukunft kucken, mä hatt traut dem Fridden net richteg. An dat zu Recht. De Franz wëll sech rächen,... Weiterlesen →

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑