Allgemeng Informatioun

An Däitschland ass et üblech een Impressum online ze setzen, dat schéngt hei zu Lëtzebuerg just fir Firmaen, asbl’en, asw, Pflicht ze sinn, mä net fir een einfache Blogger.
Ech hu mech schonn ëmfrot, et konnt nach kee mir sou richteg weiderhëllefen.
Dofir kënnt dësen Text elo vu mir:

Sämtlech Texter goufe vu mir geschriwwen, mat mengen Bespriechungen erfannen ech d’Rad net nei, et kann alt emol virkommen, dass Dir esou eppes ähnleches schonn op anere Plaze gelies hudd.
Dëst ass da rengen Zoufall a geschitt net aus Mutwëll!
Och aner Leit liesen Bicher a schreiwen driwwer, et bleiwt net aus, dass et alt mol zu enger Widderhuelung kënnt.

Beispill:
Ech konnt mir d’Geschicht gutt virstellen.
Vill Dialog.
D’Buch huet mir gefall/net gefall.
Den Text huet mech un d’Buch x oder y erënnert.
D’Schreifwäis war detailléiert.
De Protagonist ass sympathesch/net sympathesch.
Den Thriller war brutal/de Liibesroman romantesch.
Bemierkungen zum Buchtitel, Cover oder Klappentext.

Dir wësst schonn wat ech mengen.

De Bichergeck läit mir um Häerz, ech schaffe schwéier drun, fir en nees un d’Lafen ze bréngen.

Dofir:
– Ech behale mir vir, sämtlech Kommentarer, déi eppes aneschter undeiten, ze läschen.
Och gesinn ech dës vun elo un als Diffamatioun, ech behale mir d’Recht vir, eppes dogéint z’ënnerhuelen.
– D’Moderatioun vun de Kommentarer läit aleng bei mir, se gi vu mir gepréift an dann online gesat.

Och d’Interviewen mat den Schrëftsteller komme vu mir, sämtlech Kontakter si via Email entstanen.

Wat dir kënnt maachen, wann Iech meng Bespriechungen géint de Strich ginn:
– Mech drop uschwätzen, an am beschte manéierlech bleiwen
(Drun denken, dass hannert dem Bildschirm och ee Mënsch sëtzt)
oder
– De Bichergeck net méi abonnéieren

Méi bleiwt net méi ze soen – wann nach Froe oder Umierkungen bestinn, kënnt Dir mech gär kontaktéieren.

Sämtlech Beitragsbiller si vu Pinterest!

Merci fir Äre Versteesdemech!