Der König der Schatten

Wann ech Bicher liesen, déi ganz fréi an der Zäit spillen brauch ech en Ament fir eranzekommen. Hei spillt sech d’Geschicht ëm 900 of, et ass also e komplett anere Liewensstil a Standard. Mä et war ok, ech hat keng Schwierigkeeten. Säiteweis ass et zimmlech hefteg, ech war dacks schockéiert – dat passt awer, eppes anescht hätt ech komësch fonnt.
De Cahal, eise Protagonist ass zimmlech onsympathesch, hien ass séier op honnertachtzeg an denkt just u sech. Fir mech hat en och e bësse vun engem Antagonisten. Villäicht ass dat jo vun der Autorin gewollt? D’Buch thematiséiert ënnert anerem Frëndschaft, et geet ëm Magie an de stännege Kampf tëscht Gutt a Béis. Wéi geet e mat Verantwortung ëm? Oder mat Schold? Dozou huet sécherlech jiddereen eng aner Meenung. Et geet ëm Aktioun a Reaktioun – iwwert Konsequenzen misst mol méi dacks nogeduecht ginn.
Relioun spillt och eng Roll, wien ass an där Richteger? Et ass spannend, de Kampf fuerdert sou munch Affer.
D’Charakteren goufen mat vill Häerzblutt gezeechnet, si hunn all hier eege Perséinlechkeet, Stäerkten a Schwächen. Se sinn mënschlech.
Ufanks hat ech Angscht, dass d’Geschicht mech langweilt, mä et ass spannend – vun der éischter bis zur leschter Säit.

Dëst Buch ass e vun deene Bicher déi mir weisen, firwat ech mech dozou entscheed hunn, méi Wierker aus dem Selbstverlag virzestellen. Et kéint een nämlech eppes verpassen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: