Wie ein Schatten hinter dir

Dem Brina Hope säi Roman huet fir vill Gänsehaut bei mir gesuergt, de Klappentext huet mech virwëtzeg op d’Geschicht tëscht de Buchdeckele gemaach. Mir léieren d’Amy kennen, hatt ass eng sympathesch jonk Fra an nach op der Sich nom Mann fir d’Liewen. Seng Schwëster ass säin Häerzensmënsch – dofir erzielt hatt him direkt, dass Blummen viru senger Dier loungen. Wien mécht him den Haff? Ass et den Noper oder e Friemen? Et ass onheemlech – wien lauert him op?

Mir liesen d’Geschicht aus verschiddenen Perspektiven, mir léieren ënnert anerem nach d’Sheila an den David kennen. Zumools heen ass mir net geheier, säi Gefängnisopenthalt huet net vill bruecht. D’Autorin huet seng Obsessioun richteg gutt agefaange kritt, ech hätt am léifsten andauernd hannert mech gekuckt. Et ass net nëmmen eng Stalking-Geschicht, et geet och ëm Léift, Krankheet an Lassloossen. Ech war begeeschtert!
Dat weist alt nees, dass jiddereen säi Päckelchen ze droen huet …

Et ass sécherlech net dat lescht Buch wat ech vun dëser Autorin liesen, ech wënschen hir nach ganz vill Inspiratioun.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: