Das Mädchen Jannie

An dësem Buch vum Petra Hammesfahr ginn et méi Gewaltszenen ewéi normalerweis. Et erschreckt ze gesinn, ewéi séier d’Zigeinerkanner verschwannen kënnen – si sinn praktesch onsichtbar.
D’Jannie gehéiert zu engem Grupp Bettler aus Osteuropa, säi Brudder ass krank – hatt sicht no Medizin. Aus Angscht erwëscht ze ginn, leeft hatt fort a verstoppt sech an engem Stall. Leider an deem falschen …
De Besëtzer, den Dieter këmmert sech ëm hatt, en ass frou net méi eleng ze sinn. Mä wéilaang hält dat Gléck un? Ass seng Frëndlechkeet just eng Mask? Wat verstoppt en? Dem Dieter seng Mamm probéiert d’Jannie op d’Gefor opmierksam ze maachen – mä d’Meedchen versteet d’Aenzwinkeren net. Ass et schonn ze spéit? Wat dreift den Dieter zu sengen Handlungen?

D’Buch gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, esou gëtt et trotz 400 Säiten net langweileg. D’Charakteren sinn eenzegaarteg, et ass interessant hinnen bei hirer Entwéckelung nozekucken.
D’Petra Hammesfahr suergt ëmmer fir gutt Ënnerhalung!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: