Neuschnee

Ech hunn dësen Thriller zimmlech zéi fonnt – obwuel een d’Geschicht aus verschiddene Perspektiven liest, ass den Toun ëmmer d’selwescht. Mir huet déi gewësse Spannung gefeelt.
Et geet ëm eng Wantervakanz déi no hanne lass geet. Frënn déi sech schonn Joere kennen, treffen sech an der Hütt fir an alen Erënnerungen ze schwelgen a sech nees méi no ze kommen. Duerch e Schnéistuerm sëtzen se fest – a beemol gëtt eng Läich dobaussen fonnt. Déi zwee Aarbechter vum Chalet sinn zimmlech louche. Hunn si eppes ze verstoppen? D’Kapitelen liesen sech séier, ech hunn d’Buch net ofgebrach well ech wësse wollt, wien deen Doudegen ass. Ass et eng Bekanntschaft vun de Frënn? Dreift sech e Seriemäerder am Schnéi ronderëm? D’Protagonisten sinn zimmlech langweileg an iwwerflächlech – schued. Ech hätt gäre Gänsehaut gehat, mä dat spannendst vum Buch war leider de Klappentext.

Zum Schluss stoungen nach vill Froen op, et ware Klengegkeeten, mä mech hunn se gestéiert. Et war genuch Potenzial do fir méi aus dësem Buch ze maachen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: