Und dieses verdammte Leben geht einfach weiter

Und dieses verdammte Leben geht einfach weiter – wow, wat fir een Titel. En trëfft den Nol op de Kapp.
D’Geschicht ass tragesch. Lëschteg. Hoffnungsvoll. Et geet ëm d’Léift, d’Liewen, den Dout an Trauerbewältegung. Et ass voller Emotiounen – am beschten e Pak Nuesschnappescher dobäi leeën.

Den Timon an d’Sunny maachen sech op de Wee op Mallorca, ënnerwee begéinen si dem Jonas. Hien huet vill séilescht Gepäck a wëll mat kengem schwätzen. Et ass fuerchtbar matzekréien wéi Scholdgefiller e Mënsch zerfriesse kënnen. Mat der Zäit kënnt eraus, dass och de Jonas an d’Sunny hiert Päckelchen ze droen hunn. Fanne si en Auswee aus der Misär? Et kann e gutt mat de Protagonisten matfillen. An hoffen, dass se de richtege Wee aschloen.
Et ass eng Familljegeschicht. A wann d’Famill net do ass, muss e sech eben selwer hëllefen. Leider …
Kënnen d’Frënn dem Jonas weisen, dass d’Liewen liewenswäert ass?

D’Buch reegt zum Nodenken un, an erënnert een, dass et wichteg ass d’Liewen ze genéissen. Et ass nämlech net onendlech, och wa mir dat denken!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: