Schweige still

Schweige still ass den Optakt vun enger neier Serie. Ufanks hat ech Schwieregkeeten mat de Protagonisten waarm ze ginn, wahrscheinlech hunn ech zevill un den Joe an un den Vincent geduecht. Mä no e puer Säiten war ech prett fir den Cyrus kennenzeléieren.
Hien ass e Psycholog mat enger traumatescher Vergaangenheet – dofir kann e sech gutt a Mënschen eraversetzen. Säi Charakter ass zimmlech düster an melancholesch. Wärend senger Aarbecht léiert hien d’Evie kennen, den Teenager huet aussergewéinlech Fäegkeeten. Hatt erkennt Ligen op den éischte Bléck. Déi zwee hëllefen der Polizei bei engem Muerd – alt méi oder manner fräiwëlleg, tëscht hinnen entwéckelt sech eng Frëndschaft. Léiert d’Evie ze vertrauen? D’Affer schéngt net esou brav ewéi geduecht, et ginn vill Verdächteger. A vill Geheimnisser. Et gi Profiler erstallt, et ass schwéier dem Mäerder op d’Spuer ze kommen. Oder sinn et der méi? Blutt sicht een an dësem Thriller fir näischt, en ass éischter psychologesch opgebaut.

De Schreifstil huet mir gefall, et ass nawell en typeschen Michael Robotham.
D’Geschicht huet zwee Handlungssträng, et bleiwen vill Froen op – hoffentlech ginn se an engem nächsten Deel beäntwert. Ech si gespaant, ewéi d’Protagonisten sech mat der Zäit entwéckele wäerten.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: