The Black Coats

Gerechtegkeet fir Fraen – d’Thematik ass aktuell. A wäert se och ëmmer bleiwen. Just dass Selbstjustiz de falsche Wee ass, dat muss eis Protagonistin selwer erliewen.

E Grupp vu Fraen grënnt eng Vereenegung, déi sech u Männer rächt, déi hier gerecht Strof net kritt hunn. Dat kënnen harmlos Strofen sinn, allerdéngs kënnen se och brutal ausfalen. Esou wëllen si hier Trauer bewältegen, en Neiufank starten. Mä et ass en Däiwelskrees.
Ewéi d’Thea eng Aluedung zu dëser Gesellschaft kritt, freet hatt sech. Endlech kann hatt sech un deem Mann rächen, deen e wichtegen Deel vu sengem Liewen geholl huet. Ufanks gefält him seng nei Roll, mä mat der Zäit kommen Zweifel op. Ass et wierklech richteg? Hatt stellt déi falsch Froen, d’Situatioun eskaléiert an hatt muss sech fir eng Säit entscheeden …

Et gëtt net fir näischt e Rechtssystem, och wann et dacks ze wënschen iwwereg léisst.

Och wann d’Buch e Jugendthriller ass, sinn ech mir net sécher ob et tatsächlech fir Jugendlecher ass …
Wann dann eréischt ab 16,17 Joer, stelleweis ass et zimmlech brutal.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: