Walfer Bicherdeeg

De Sonndeg war ech op de Walfer Bicherdeeg – et ass ewéi all Joer en Erliefnis fir kleng a grouss Bichergecken!

Ech hu mir vill Inspiratioun geholl an interessant Gespréicher gefouert.
Natierlech sinn ech mat engem gudde Koup Bicher heemgefuer – et sinn zumools Kannerbicher. Elo virun den Feierdeeg wäert ech där méi virstellen.
Och mäi Meedchen vu véier Joer ass ganz aus dem Haischen …

Ech hat awer och nervös Momenter – meng éischt Liesung stoung bevir. An dass se zu Walfer war, huet mech nach méi ënner Drock gesat.
Gott sei Dank huet d’Christine Mandy moderéiert, doduerch hunn ech mech net allze verluer gefillt. Hatt ass immens sympathesch – an hatt huet ëmmer en oppent Ouer fir mech.
Merci!
Ech hat Angscht ze tuddelen, Wierder ze verléieren, ze lues ze schwätzen, avm. Wäerten iwwerhaapt Nolauschterer do sinn? Mä wéi mir bis am gaangen waren, ass d’Onsécherheet verflunn.

Dono hunn ech nach eng Stonn um Editions Schortgen-Stand verbruecht a Bicher signéiert.

D’Thema vun de Bicherdeeg war ’25 Joer – Mir feieren d’Buch‘. Zesummen mat den Editions Binsfeld huet d’Gemeng Walfer e Magazin erausbruecht (Bicherhelden), op der Säit 52 gëtt et e klengen Artikel iwwert mech.
Ech sinn houfereg drop, et ass schéin, dass ech iwwerhaapt gefrot gi sinn!

20191118_081921

Et war e flotten Dag, ech freeë mech op dat nächst Joer! Leider ass d’Zäit vill ze séier verflunn …
Dëse Sonndeg huet mir gewissen, dass ech mech nees méi mat Luxemburgensia beschäftege muss ❤

2020 ka kommen, d’Motivatioun fir nei Projeten ass do.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s