Opfer

E Mann gëtt doudeg opfonnt, e gouf grausam mësshandelt a gefoltert. Vum Täter feelt all Spuer – e Motiv schéngt et och net ze ginn.
Fir e kueŕze Moment lieft deen Aarmen nach … Onvirstellbar!
Nodeems nach en Affer fonnt gëtt, fënnt d’Polizei eraus, dass de Mäerder op Selbstjustiz aus ass.
Mobbing schéngt den Ausléiser ze sinn – et war schrecklech, wat se an hirer Jugend gedriwwen hunn, dowéinst huet sech mäi Matgefill a Grenze gehalen.
De Carl, e Polizist, ermëttelt mat senge Kollegen, si wëllen weider Doudesfäll verhënneren. Et gi vill Geheimnisser opzedecken!
Ass den Täter net och Affer? Doriwwer kéint een beim Liesen nodenken – Mobbing ka vill Schlëmmes uriichten.

Mir huet dësen brutalen Thriller gutt gefall, ech wäert dem Carl och bei sengem nächsten Fall iwwert d’Schëller kucken – ech fannen, dass souguer de Buchcover een ujäizt …
Bicher aus Schweden gefale mir souwisou ëmmer, ech fannen d’Atmosphär eenzegaarteg.

Wann Dir léiwer méi sensibel, psychologesch Thrilleren hutt, ass dëst Buch villäicht net dat Richtegt.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Bloggen auf WordPress.com.

Nach oben ↑

%d Bloggern gefällt das: