Dëst Buch spillt an zwou Zäiten – 1950 léiere mir d’Roberta, d’CeCe an d’Sonia kennen. Si liewen an engem Internat – a Schauergeschichten gëtt vum Mary erzielt, et ass eng Legend déi de Meedercher Angscht mécht.
Hieren Zesummenhalt deemools war grouss, et war eng Frëndschaft fir d’Liewen, dat mierkt de Lieser mat der Zäit och.
Dass eng Schülerin verschwënnt, suergt fir Veronsécherung.

2014 wëll d’Journalistin Fiona een Artikel iwwert dat alt Internat schreiwen, hatt ass perséinlech involvéiert, seng Schwëster ass viru Joeren brutal ëm d’Liewe komm.
Hat de Geescht Mary seng Hänn am Spill? A beemol gëtt nach ee Skelett fonnt, d’Fiona setzt sech an de Kapp de Fall ze léisen.
Ze suergen, dass dës Séil seng lescht Rou fënnt. Wier et net besser al Geschichten rouen ze loossen?
Fënnt d’Fiona d’Wourecht eraus? Oder kënnt hatt Joerzéngten ze spéit? Firwat kritt hatt vun der Polizei Steng an de Wee geluecht?
Hunn och si eppes ze verstoppen?

Et ass interessant d’Internat an all senge Facetten kennenzeléieren, d’Ongléck hängt däitlech an der Loft.
D’Beschreiwunge ware ganz lieweg.
D’Fiona huet ee ganze Koup Geheimnisser ze léisen, wäert et him geléngen? Oder kënnt säin Trauma nees héich?

D’Opléisung huet mech iwwerascht, ech hätt net geduecht, dass dëst Thema zur Sproch kënnt …
Ech erzielen Iech net, wéieent et ass – just esou vill, et huet mech zum Nodenke bruecht.
Léift, Krimi, Grusel, Geschicht – an dësem Buch ass alles dran.
Spannend vu vir bis hannen!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s