Viru Méint gouf schonn Reklamm fir dem Sebastian Fitzek säi Buch Das Geschenk gemaach, d’Erwaardunge waren grouss. Der Insasse hat mech nämlech net esou gepak, ewéi aner Romaner vun dësem Autor. Mä jo, dësen Thriller ass e Geschenk.
Mat eisem Protagonist Milan erliewe mir den Horror. Währenddeems hien mam Vëlo fiert, gëtt en op e Meedchen an Nout opmierksam, hatt hält en Ziedel an d’Fenster – mä hien kann net liesen. An elo? Wat maachen? Et ignoréieren?
Natierlech net – soss wär d’Buch schonn eriwwer 😉
Zesumme mat senger Frëndin Andra begëtt e sech op Spueresich a gëtt anengems mat senger Vergaangenheet konfrontéiert.
D’Handlungen hu mech iwwerascht, d’Charakteren nach méi.
Si hunn all eng Geschicht, ech wosst dacks net, wiem seng Wourecht déi richteg ass. An esou soll et sinn.
Ech sinn praktesch duerch d’Säite geflunn …
Flott um Roman ass, dass den Här Fitzek den Analphabetismus thematiséiert – an eis och erëm mat an d’Ofgrënn vun der mënschlecher Séil hëllt. Ass Psychopathie ugebuer? Oder entwéckelt sech dat Béist mat der Zäit?

De Schluss war typesch fir den Här Fitzek, ech hunn et scho gesi kommen, mä et huet mech net gestéiert …
Souguer d’Danksagung muss e gelies hunn, déi ass och ëmmer liesenswäert.
D’Buch war spannend an interessant – genee ewéi seng Virliesung hei zu Lëtzebuerg!

Ech freeë mech elo well op dat nächst a wënschen dem Här Fitzek nach ganz vill Fantasi an Inspiratioun. Et wär e Geschenk fir eis Lieser.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s