D’Tate plënnert op San Francisco, hatt huet wëlles do ze studéieren.
Déi éischt Zäit wunnt hatt bei sengem Brudder. De Miles ass en Aarbechtskolleg vu sengem Brudder, hien ass éischter en Eenzelgänger.
A Réckblécker a seng Vergaangenheet gëtt de Lieser gewuer, firwat säi Charakter sech esou pessimistesch entwéckelt huet.
Obwuel d’Tate weess, dass een Techtelmechtel mam Miles eng ganz schlecht Iddi ass, kann hatt sech net géint d’Unzéiung wieren.
An de Miles och net. E Gefillschaos ass virprogramméiert.
Et bleift d’Hoffnung, dass de Miles mat senger Vergaangenheet ofschléisse kann a prett fir eng glécklech Zukunft ass.
Esouvill Sexszenen ewéi an dësem Buch hunn ech bis lo nach bei kengem Colleen Hoover-Buch gelies …
D’Tate huet mir charakterlech gutt gefall, hatt dréit d’Long op der Zong a weess ganz genee wat hatt wëll.
Kritt hatt dem Miles seng Schutzmauer duerchbrach? Kann hatt mat senger Schold liewen?
Et ass e stengege Wee, hoffentlech hëllt d’Tate en net fir näischt op sech …
Mir erliewen dëst Gefillskarussell aus dem Tate an aus dem Miles senger Perspektive, doduerch kritt de Lieser mat, dass de Miles just sou haart ass, well e sech schütze wëll. Seng Vergaangenheet huet mech net lassgelooss. Dramatik gehéiert zum Liewen dozou, d’Colleen Hoover versteet et perfekt eis nees drun ze erënneren.
Et ass e vun den éischte CH-Bicher, déi mech net kräische gedoen hunn.
Schued!

Ech weess net genee wou ech dat gelies hunn, mä anscheinend gëtt dëst Buch verfilmt. Ech si gespaant!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s