Dëse Roman vun der Autorin Margaret Atwood ass fuerchtbar.
Also fuerchtbar gutt. Erschreckend.
E rëselt op – de Lieser freet sech automatesch: Wat kënnt nach op eis duer? Ass et eng Zukunftsvisioun oder just eng fiktiv Dystopie?
E bleiwt nach laang am Gedächnis, et huet een nees e bessert Versteesdemech fir d’Fräiheet …
Mir mussen se genéissen esou laang et geet. Wéi kann e sech sécher fillen?
Am Buch geet et ëm Ënnerdréckung, Rassismus, Homosexualitéit, Relioun, Diskrimininéierung a sou villem méi.
Fraen hu keng Rechter méi, se sinn nëmmen nach gutt fir der héiger Herrschaft Kanner ze gebären an Déngschter z’erweisen. Si hu keng Identitéit méi. Kee Liewen. Si funktionnéieren a stänneger Angscht. E Feeler zevill a se gi batterlech bestroft oder bezuelen mam Dout. Alles ass verbueden!
Hoffe mir alt, dass Gilead ni real gëtt … D’Zeremonien wullen op. Spaass, Freed a Loscht sinn eng Sënn. Et gëtt no strenge Reegelen gelieft. Ass dat nach e Liewen?
A Réckblécker léiere mir d’Liewen virum Putsch kennen – den Ënnerscheed ass nawell gewalteg. Grausam!

Wéi wichteg si Mënscherechter?

D’Desfred kennenzeléieren huet opgewullt, seng Stäerkt huet mir imponéiert …

Firwat gëtt de Mann méi héich gestallt? Stinn d’Fraen jeemools fir hir Rechter an? Och wann de Roman e Klassiker ass – d’Froen sinn nach ëmmer aktuell.

Das Testament – d’Fortsetzung gouf och bestallt. Ech si gespaant!

Zu der Serie:

Et ass schwéier d’Serie emotional ze verschaffen, ech sinn elo mat der zweeter Staffel fäerdeg – déi drëtt wäert ech och kucken. Ech hunn um Bildschirm gepecht, d’Loft agehalen. Dacks wollt ech d’Protagoniste rëselen. Oder haart jäizen. D’Biller maachen een nach méi fäerdeg ewéi d’Wierder. Mir sinn d’Schudderen de Réck erofgelaf. An d’Tréinen an d’A geschoss.
Bravo. A Merde!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s