Unschuldsengel, dësen psychologeschen Thriller, ass der Autorin hiren Debütroman – en ass fantastesch! Wéi wëll si dat mat engem zweete Buch toppen?
Et däerf e gespaant sinn …

De Lieser léiert d’Suzette a säi Meedchen Hannah kennen – hirt Verhältnis ass net dat beschten.
D’Hannah ass nämlech béisaarteg. Awer esou richteg. Well mir d’Geschicht och aus senger Perspektive liesen, war ech erféiert ewéi e Kand zu dëse Gedanken a Gewaltfantasien fäeg ass. Hatt dreiwt seng Mamm an de Wahnsinn – de Papp kritt dat net mat. Bis dass et bal ze spéit ass. D’Hannah schwätzt net. Firwat? Kann hatt net? Oder wëll hatt net? Dem Suzette seng Verzweifelung ass däitlech spierbar – ewéi kann hatt sengem Kand hëllefen? Him Léift ginn, him vertrauen. Versteet d’Suzette säi Kand net? Ass d’Hannah dowéinst béis? Ech hat mat der Famill Angscht, d’Grenz tëscht Gutt a Béis huet sech dacks verännert.
An awer hunn ech zäiteweis Matgefill mat dësem onverstanenen Meedchen gehat – hatt ass gefaangen a senger eegener verdréitener Welt. Do geet engem d’Héngerhaut aus!
D’Famill brauch Hëllef … Mä kréien si se matzäiten? Oder ass all Hoffnung verluer? Et ass spannend.
Kand hin oder hir – dem Hannah wéilt ech net am Däischteren begéinen!

Mam Schluss huet d’Autorin sech eng kleng Dier fir en zweeten Deel opgehalen, ech behalen dat am A!

2 Kommentare zu „Unschuldsengel

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s