An dësem herrlechen Jugendroman léiere mir d’Willowdean kennen, vu senger Mamm gëtt hatt Dumplin genannt.
Hatt ass déck an huet duerch säi Gewiicht Mannerwäertegkeetskomplexer. Doduerch dass seng Mamm Schéinheetskinnegin war, gëtt dat Ganzt nach verstäerkt.
Hatt ass trotzdeem ee staarke Charakter, hatt steet zu senge Frënn a setzt sech fir se an.

Et ass nees Zäit fir den alljährlechen Schéinheetsconcours, aus enger Laun eraus schreift d’Willowdean sech dofir an.
Aner Meedercher huelen sech ee Beispill dorunner, aus Solidaritéit mellen si sech och un.
Dee Courage huet net jiddereen …
Si wëllen een Zeechen setzen – géint de Schéinheetswahn a géint de Magerwahn, zesumme ginn d’Frënn duerch Déck an Dënn.
Gëtt hier Méi belount?
Kréie si vill Steng an de Wee geluecht?
Firwat gi Mënschen mat Iwwergewiicht ausgegrenzt a schif bekuckt? Oder wa se dënn sinn? Schif Zänn hunn?
Et ass de Charakter deen zielt.
D’Geschicht ass humorvoll geschriwwen, ech hunn dacks missen laachen, et war ee Genoss!
De Buchcover ass een Hikucker, ech mengen Dumplin gouf souguer verfilmt.

De Message ass ganz einfach – akzeptéier dech esou, wéis de bass!
Du bass schéin!
Schumm dech net!
Géi däi Wee, looss dech net ënnerkréien.
Schwamm géint de Stroum, net mat der Mass mat …
Ech verstinn, dass et schwéier ass, dat néidegt Selbstvertrauen ze hunn – d’Reklammen, all déi perfekt Fraen setzen een ënnert den Drock.
An dat net nëmmen e bëssen …

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s