D’Holly Wakefield ass forensesch Psychiaterin, hatt hält Virliesungen op der Uni – also méi Theorie wéi Praxis. Dat ännert sech ewéi d’Polizei hatt als Profilerin astellt.

Ausserdem schafft hatt stonneweis an enger Klinik, firwat wëll hatt dës krank, pervers Mäerder therapéieren?
Huet hatt e perséinleche Grond?
Mat der Zäit versteet de Lieser seng Hannergrënn – et ass nawell eng gelongen Iwweraschung gewiescht.
Hätt d’Holly gewosst, dass dëse Fall ganz perséinlech fir hatt gëtt – ech si mir sécher, hatt wär fortgelaf, ewéi wann den Däiwel hannert him wier.
Hatt muss a seng Vergaangenheet reesen, fir der Wourecht méi no ze kommen. Mä ass hatt deem gewuess?
De Bishop ermëttelt mat him zesummen, si riskéieren hirt d’Liewen. Och hien huet mat ale Geeschter ze kämpfen – mir hunn jo all eise Päckelchen ze droen.
Doudesfäll am Buch ginn brutal beschriwwen, et kann een de metalleschen Bluttgeroch scho bal richen. Do kritt e Gänsehaut …
Kréie si de Mäerder identifizéiert?
Ech hunn d’Holly direkt sympathesch fonnt, hatt ass e spezielle Charakter an huet en zimmlecht morbid Hobby.
Et war och séier kloer, dass hatt een däischtert Geheimnis huet – dëst Geheimnis huet säi Charakter, seng Eegeschaften, seng Faszinatioun geprägt.
Telefonsgespréicher an Emailen suergen fir Ofwiesselung, ech hunn et zu kenger Zäit langweileg fonnt.

Wat verstoppt d’Holly wuel?
D’Buch ass mat wéineg Actioun gefëllt, ech hu mech vum Profiling fessele gelooss, aner Lieser fannen dat villäicht langweileg.
D’Final ass phänomenal, den zweeten Deel ka kommen, ech si prett!

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s