Kiss me once ass e gutt Buch fir no e puer Psychothrilleren ofzeschalten!
Et ass en typesche Libesroman.
D’Ivy ass e Meedchen aus räichem Haus, hatt huet vu sengem Papp erlaabt kritt inkognito eng Uni ze besichen. Allerdéngs muss hatt domat liewen, dass e Bodyguard a senger Géigend bleift.
Dat nervt hatt natierlech, hatt wëll endlech selbststänneg sinn a säi Liewe genéissen. Wäerten seng Elteren dat akzeptéieren? Oder stelle si sech queesch?
Et kënnt wéi et komme muss, d’Ivy an de Ryan fille sech vuneneen ugezunn, mir liesen d’Geschicht ofwiesselnd aus hieren Perspektiven.
Ass Léift am Spill? Oder mécht de Ryan just seng Aarbecht an ameséiert sech anengems?
Et knistert gewalteg!
D’Dialoger si witzeg, se hunn dacks dofir gesuergt, dass ech haart hu misse laachen.
D’Niewecharakteren si genee esou interessant ewéi d’Protagonisten, et ass flott, dass d’Autorin och Homosexualitéit thematiséiert, de Jeff an den Alex hätte scho bal hiert eegent Buch verdéngt!

Wat mir net esou un dësem Buch gefall huet, war dem Ivy seng Manéier ze fluchen – Holy Moly oder Shrimp! Et huet sech zevill kannerech unhéieren.
D’Buch huet iwwer 500 Säiten, duerch de labbere Schreifstil sinn se ganz séier gelies.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s